-
COVID-19: Delai fir de "Booster" ab haut op 4 Méint reduzéiert an Erëffnung vum neie Pop Up an der Gare Lëtzebuerg
Ab haut ass den Delai fir een Impf-Rappel ("Booster") no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff) op 4 Méint aplaz 6 Méint reduzéiert.
-
Provisoresch Verlagerung vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal an d'Luxexpo The Box
Wéinst technesche Problemer am Impfzenter an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg, gëtt den Zenter ab dem Méindeg, 3. Januar 2022 an d'Luxexpo The Box verluecht.
-
COVID-19: Upassung vum Contact Tracing fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren
Am Hibléck op d'Hausse vun der Zuel un Neiinfektioune mam COVID-19, huet d'Contact-Tracing-Ekipp vun der Gesondheetsinspektioun hir Ofleef ugepasst, fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren. Dës Upassunge si schonn operationell.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. Dezember
An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.727 op 2.688 erofgaangen (-1%).
-
Aktualiséierung vun derCovidCheck.lu-App nom Akraafttrieden vum 2G+-System
Nom Akraafttrieden vum 2G+System, deen d'Regierung am Kampf géint d'Pandemie agefouert huet, ass d'CovidCheck.lu-App ugepasst ginn.
-
COVID-19: Ongültegkeet vun de COVID-19 Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen
Am Géigesaz zu Behaaptungen, déi den Ament op de sozialen Netwierker kurséieren, huet de Gesondheetsministère säin Accord ni ginn fir eng Validéierungs-Prozedur vu COVID-19-Antigène-Schnelltester iwwer Teleconsultatioun via Videokonferenz-Appen.
-
COVID-19-Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer: vun elo un an 3 Impfzentere méiglech
Ab dem 23. Dezember 2021, ass et méiglech Kanner am Alter tëschent 5 an 11 Joer fräiwëlleg an engem vun den 3 Impfzenteren an der Victor Hugo Hal, zu Esch-Belval oder zu Ettelbréck impfen ze loossen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. Dezember
An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.593 op 2.727 geklommen (+5%).
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 9:45 Auer un.
-
Temporär Reouverture vun engem 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box
Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg) opzemaachen.
-
"Booster"- an Éischtimpfung géint COVID-19 fir Sans-abrien
No den éischten Impfaktioune fir Sans-abrien de 1. an 2. Juni 2021 an de 16., 19., an 20. Juli an de Raimlechkeete vun der "Wanteraktioun", gouf den 13. a 15. Dezember 2021 eng "Booster-" an Éischtimpfung-Campagne organiséiert.
-
COVID-19-Impfungen - Den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter zu Lëtzebuerg korrekt interpretéieren
D'Division de la Pharmacie et des Médicaments vun der Gesondheetsdirektioun huet an direkter Zesummenaarbecht mam Centre Régional de Pharmacovigilance de Nancy den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter a Relatioun mat de COVID-19-Impfungen zu Lëtzebuerg publizéiert.
-
COVID-19-Impfung: Kierzung vum Delai fir de "Booster" op 5 Méint
Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, an entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 14. Dezember, gouf am Regierungsrot vum 15. Dezember decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderna an dem Impf-Rappel (Booster) vu 6 op 5 Méint ze kierzen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. Dezember
An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.699 op 2.593 liicht erofgaangen (-4%).
-
Den nationale Krisestab huet d'Phas 3 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler declenchéiert
Well d'Zuel vun de COVID-19-Patienten op der Normalfleeg an op den Intensivstatioune vun de Centre-hospitaliere vum Land eropgeet, huet den nationale Krisestab decidéiert d'Phas 3 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler ze declenchéieren.
- Éischt Säit
- ...
- 9
- 10
- 11
- 12
- 13
- ...
- Lescht Säit