COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. Dezember

An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.727 op 2.688 erofgaangen (-1%).

Vun den 2.688 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 623,89 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 328,44 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persoune méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impfschutz.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 29 vun de 47 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (18 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 13 vun den 19 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 20. bis de 26. Dezember duerchgefouert goufen, ass vun 30.922 op 25.070 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 78 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 59 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 754. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 20. bis den 26. Dezember). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 26. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.479 geklommen, am Verglach zu 5.414 den 19. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 90.711 op 93.328 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 32,9 Joer.

An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember, goufen et 6 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 85 Joer.

An de Spideeler goufen et 47 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 58 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 22 op 19 liicht erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 64 op 61 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux  an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,92 géintiwwer 1,00 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 10,72%, géintiwwer 8,82% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 423 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 430 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an den Alterstranchë 15-29 Joer (+36%) an 30-45 Joer (+13%) däitlech an d'Luucht gaangen, an ass an deenen aneren Alterstranchë erofgaangen, virun allem bei de 75+ (-33%) an 0-14 Joer (-25%). Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 91,4 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember, ware 6.000 Persounen an Isolatioun (+4%) an 3.210 a Quarantän (-25%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember, goufen am Ganzen 31.520 Dosissen aginn. 2.940 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.834 kruten déi 2. Dosis a 26.746 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 28. Dezember op 1.057.002.

442.896 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 80% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

COVID-19-Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer: vun elo un an 3 Impfzentere méiglech

Säit dem 23. Dezember 2021, ass et méiglech Kanner am Alter tëschent 5 an 11 Joer fräiwëlleg an engem vun den 3 Impfzenteren an der Victor Hugo Hal, zu Esch-Belval oder zu Ettelbréck impfen ze loossen.

An den temporären Impfstatiounen (Pop Up Impfstatiounen) ass d'Impfung vun de Kanner net méiglech. Kanner mussen a Begleedung vun engem legalen Tuteur kommen.

Wéi en Impfstoff gëtt benotzt?

D'Impfung vun de Kanner gëtt mam Impfstoff Comirnaty vu Pfizer/BioNTech gemaach. Et sief drop higewisen, dass déi Dosis, déi fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer virgesinn ass, méi schwaach ass (mat engem adaptéierten Doséierungsschema vun 10 µg) wéi déi, déi fir Kanner iwwer 12 Joer recommandéiert ass. D'Kanner kréien entspriechend 1/3 vun der Dosis.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

De Rendez-vous kann op www.impfen.lu geholl ginn, mat Hëllef vun der Matricule-Nummer vum Kand.

D'Impfung kann och vu verschiddene Kannerdoktere gemaach ginn. D'Lëscht vun de Kannerdokteren, déi un der Impfcampagne fir Kanner deelhuelen, gëtt deemnächst op covidvaccination.lu verëffentlecht.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Zoumaache vum "Pop-up" Grand-Rue

Den Impfspot am Stadzentrum ass ab dem 31. Dezember 2021 zou, dat well d'Raimlechkeete musse geraumt ginn.

"Pop-up" Grand-Rue

70, Grand-Rue

L-1660 Lëtzebuerg

Déi mobil Ekipp aus dem Impfspot am Stadzentrum wäert op aner Impfzentere verdeelt ginn.

D'Lëscht vun all den neien temporären Impf-Plazen, déi vun Dag zu Dag erweidert a kontinuéierlech aktualiséiert gëtt, kann een um Internetsite covidvaccination.lu consultéieren.

Ouvertureszäite wärend de Feierdeeg: Impfzenteren, Pop Up Statiounen, Helpline

Et sief drop higewisen, dass d'Ouvertureszäite vun den Impfzenteren an de Pop Up Statiounen, sou wéi vun der Helpline iwwert d'Feierdeeg anescht sinn. Weider Informatiounen op covidvaccination.lu.

Impfzenteren

  • 31.12.2021: vu 07.00 bis 14 Auer
  • 01.01.2022: zou

Helpline

  • 31.12.2021: vu 7.30 bis 12.00 Auer
  • 01.01.2022: zou

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 20. bis de 26. Dezember ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen SARS-CoV-2 Stréim op, déi en änlechen Niveau hunn, wéi déi vun deenen 2 leschte Wochen, woubäi sech d'Signal op engem héije Niveau stabiliséiert. Eng änlech Tendenz ass och op regionalem Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert