Accessibilitéitserklärung

Accessibilitéitserklärung

D'Organ "Gesondheetsministère" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft: www.msan.gouvernement.lu

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder mat engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

De folgenden Internetsite ass en partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 sou wéi dem allgemenge Referenzsystem zur Verbesserung vun der Accessibilitéit (Référentiel général d’amélioration de l’accessibilité - RGAA) v4, allgemenge Referenzsystem zur Verbesserung vun der Accessibilitéit (Référentiel général d’amélioration de l’accessibilité - RGAA) v4.

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform mam RGAA 4

  • Fir verschidden informativ Biller gëtt et kee pertinenten Alternativ-Text (z.B.: an de Foto-Galerien)
  • Verschidden dekorativ Biller gi vun Assistenz-Technologien net korrekt ignoréiert (z.B. verschidde Thumbnails an den Artikel-Teaser)
  • Verschidde Kontraster bei den Texter oder den Ikone sinn ongenügend
  • Verschidde Linke sinn net explizit (z.B. Problemer opgrond vu Link-Titelen)
  • Verschidde Skripter sinn net mat Assistenz-Technologië kompatibel (z.B. d'Sproochastellung)
  • Verschidde Skripter sinn net iwwert d'Tastatur steierbar (z.B. de Sich-Knäppchen)
  • Verschidde Validitéitsfeeler beim HTML-Code kënnen Assistenz-Technologië stéieren.
  • Verschidden Ännerunge bei der Sprooch sinn net korrekt deklaréiert (z.B. d'Linken an der Rubrik "Interview" op der Startsäit")
  • Op verschidde Säite sinn d'Informatiounen net duerch Iwwerschrëfte strukturéiert (z.B. ass den Titel um Niveau 1 op der Startsäit net pertinent)
  • Den Tastaturfokus ass bei verschidde Komponente vum Interface net siichtbar (z.B. an de Foto-Galerien)
  • Verschidde Contenuen, déi fir Assistenz-Technologië verstoppt sinn, kréien den Tastaturfokus (z.B. bei Foto-Galerien)
  • Verschidde Formulairefelder hunn keng siichtbar Beschrëftung (z.B. d'Sichfeld)
  • Dat automatescht Ausfëlle vun de Felder ass am Kontaktformulaire net disponibel
  • Verschidden Dokumenter, déi erofgeluede kënne ginn, sinn net accessibel.

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

Verschidde Videoen, déi nom 23. September 2020 publizéiert goufen, sinn net ënnertitelt, wéinst Mangel u Ressourcen.

Inhalter, op déi sech d'Gesetz vum 28. Mee 2019 net applizéieren

  • Den Twitter-Feed op der Startsäit gëtt duerch den Déngscht "Twitter" bereetgestallt, op dee mir keen Afloss hunn.
  • Déi interaktiv Kaarten, z. B. op der Kontaktsäit. Déi vun dësen interaktive Kaarten duergestallten Informatioune ginn am Text donieft zur Verfügung gestallt.
  • Dokumenter, déi erofgeluede kënne ginn a virum 23 September 2018 publizéiert goufen an net fir aktiv administrativ Prozesser gebraucht ginn, mussen net zwéngend accessibel sinn. Dir kënnt eis awer kontaktéiere fir eng accessibel Alternativ ze kréien.
  • D'Videoen am Livestream ginn net live ënnertitelt. Et befanne sech Ënnertitel op de VOD-Versiounen, déi no der Diffusioun bereetgestallt ginn.
  • Downloads, déi vun Drëttpersoune bereetgestallt ginn, ënnerleien net eiser Kontroll. Dir kënnt eis allerdéngs fir eng accessibel Alternativ kontaktéieren.

Virbereedung vun der folgender Accessibilitéitserklärung

Déi folgend Erklärung gouf den 19.2.2021 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vu folgendem Internetsite mat den am RGAA 4 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "Informatiouns- a Pressedéngscht ". Déi lescht Reevaluatioun vun der Eklärung war den 19/02/2021.

Kontrollprozess

Internetsitten, déi nom Prinzip vu Renow erstallt ginn, ginn an engem genereschen, zentraliséierte Kader an Architektur entwéckelt, woubäi d'Projektmanagementprozesser befollegt ginn a d'Renow-Checklëscht agehale gëtt. Fir d'Neutralitéit ze garantéieren, gi reegelméisseg Experte fir d'"Accessibilitéit" consultéiert, fir d'Konformitéit vum Internetsite oder neie Funktionalitéiten z'iwwerpréiwen.

All Site gëtt a verschiddenen Etappen evaluéiert:

  1. Wärend der Konzeptioun vun der Struktur vum Contenu.
  2. Wärend der Realisatioun vum grapheschen a funktionelle Layout.
  3. Kuerz ier datt d'Internetsäit online geet.

Wann de Site bis online ass, ginn d'Kontrolle folgendermoossen duerchgefouert:

  • bei all neiem Contenu iwwerpréift d'Redaktioun d'Accessibilitéit vum komplette Contenu ier datt en online geet;
  • all nei Funktionalitéit vum Site gëtt evaluéiert ier se online geet.

Wärend den Evaluatioune gëtt de Site mat de wichtegste Screen Reader, mat Tablets, Handyen an um PC getest. Dëse gëtt zudeem mat verschiddene Webbrowser getest (Kompatibilitéit mat 2 Virleefer-Versioune vun der aktueller Versioun).

Kompetenze vun de Bedeelegten

D'Aarbechtsprozeduren ëmfaassen d'Applikatioun vun den Internet-Direktive wärend den eenzele Phasen zur Realisatioun vun der Internetsäit. (Redaktioun, Management, Entwécklung).

Eis Mataarbechter hunn dat néidegt Wëssen a Kompetenze fir dës Internet-Direktive korrekt z'applizéieren.

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un sipinternet@sip.etat.lu ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d'Online-Verbesserung vum Problem a Relatioun mat der Accessibilitéit favoriséiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren zum Sécherstellen vum Anhalen vun den Dispositiounen

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer z'informéieren.

Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag ass © Europäesch Unioun, 1998-2020 a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Aktualiséiert