De Ministère

D'Kompetenzberäicher vum Ministère:

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet ass fir d'Virbereedung an d'Ëmsetzung vun der Politik vun der Regierung an de Beräicher ëffentlech Gesondheet a sozial Sécherheet zoustänneg.

D'Zoustännegkeete vum Ministère sinn am Règlement grand-ducal vum 27. November 2023 iwwer d'Autorisatioun an d'Publikatioun vum interne Reglement vun der Regierung festgeluecht a  betreffe follgend Beräicher:

  • Definitioun an Ëmsetzung vun der Regierungspolitik am Beräich Gesondheet a sozial Sécherheet
  • Kontroll vun der Ëmsetzung vun de Gesetzer an Direktiven am Beräich Gesondheet a sozial Sécherheet
  • Iwwerwaachung vun den Institutiounen an Déngschter vum Gesondheetswiesen a vun der sozialer Sécherheet

D'Organisatioun vum Gesondheetssystem, déi op de Grondwäerter vun enger universeller Gesondheetsversuergung, der Qualitéit vun de Leeschtungen, enger gerechter Offer, an der Solidaritéit tëschent de Generatioune baséiert, muss eng modern, effizient a finanziell nohalteg Gesondheetsversuergung garantéieren, déi fäeg ass sech un d'Bedürfnisser an d'Uspréch vun der Bevëlkerung unzepassen, a gläichzäiteg jidderengem e gläichberechtegten Accès zu héichwäertege Gesondheetsdéngschtleeschtungen ze garantéieren.

Onse Sozialversécherungssystem berout op der nationaler Solidaritéit an ass d'Opfänknetz vun der sozialer Sécherheet, wat all Eenzele virun den Ongewëssheete vum Liewe schützt. Et soll de Bierger soziale Schutz virun de Risiken a Besoine bidden, déi am Laf vum Liewen optriede kënnen, besonnesch an de Beräicher Krankheet, Alter, Invaliditéit an Aarbechtsaccidenter, oder wann ee Fleeg braucht. Hei besteet d'Aufgab vum Ministère doranner e kontinuéierleche Sozialschutz ze garantéieren, deen op enger nohalteger Finanzéierung baséiert.

Aner Verwaltungen, ëffentlech Ariichtungen an ëffentlech Spideeler, déi och an den Zoustännegkeetsberäich vum Ministère falen:

Verwaltungen

·         Administratioun fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung (AEC);

·         Medizinesche Kontrolldéngscht vun der sozialer Sécherheet (CMSS);

·         Gesondheetsdirektioun (DISA);

·         Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS);

·         Nationale Gesondheetsobservatoire (OBS).

Ëffentlech Ariichtungen

·         Agence eSanté;

·         Associatioun fir Onfallversécherung (AAA);

·         Krankekeess vun de Gemengebeamten an Employéen (CMFEC);

·         Krankekeess vun de Beamten an Employéen aus dem ëffentleche Déngscht (CMFEP);

·         National Pensiounskeess (CNAP);

·         Gesondheetskeess (CNS);

·         Sécurité sociale (CCSS);

·         Ëffentleche Fuerschungszentrum - Luxembourg Institute of Health (LIH);

·         Krankekeess fir d'Salariéë vun der CFL (EMCFL);

·         Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung (FDC);

·         Nationale Gesondheetslabo (LNS);

·         Mutualitéit vun den Employeuren (MDE);

·         Multisektoriellen aarbechtsmedezineschen Déngscht (STM).

Ëffentlech Spideeler

·         Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL);

·         Centre Hospitalier du Nord (CHdN);

·         Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP);

·         Rehazenter – Centre National de Rééducation Fonctionnelle et de Réadaptation;

·         Thermalbad Munneref (Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains).

Den nationalen Informatiouns - a Mediatiounsservice am Gesondheetsberäich ënnersteet och dem Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

Zousätzlech dozou huet de Ministère eng sëlleg Bezéiungen zu konventionéierten an net konventionéierte Servicer an de Beräicher vun der Preventioun an der Hëllef, der ambulanter Psychiatrie, Ofhängegkeetserkrankungen a chronesch Erkrankungen.

D'Opsiicht iwwer Gesellschafte fir géigesäiteg Hëllef falen och an den Zoustännegkeetsberäich vum Ministère.

D’Schidsgeriicht vun der sozialer Sécherheet (Conseil arbitral de la sécurité sociale) an den Ieweschte Rot vun der sozialer Sécherheet (Conseil supérieur de la sécurité sociale) bilden déi zwou Geriichtsbarkeeten am Beräich vun der sozialer Versécherung.

Aktualiséiert