COVID-19-Impfungen - Den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter zu Lëtzebuerg korrekt interpretéieren

D'Division de la Pharmacie et des Médicaments vun der Gesondheetsdirektioun huet an direkter Zesummenaarbecht mam Centre Régional de Pharmacovigilance de Nancy den 8. Rapport iwwert déi deklaréiert Nieweneffekter a Relatioun mat de COVID-19-Impfungen zu Lëtzebuerg publizéiert. 

D'Zil vun dësem Rapport ass et Transparenz ze schafen an d'Vertrauen an d'Impfstoffer géint de COVID-19 ze stäerken. E liwwert Informatiounen iwwert déi national Pharmakovigilanz-Donnéeën, d.h. iwwert déi zu Lëtzebuerg gemellten Niewewierkungen, déi eventuell a Relatioun mat der Impfung stoe kéinten. 

Fir d'Donnéeën aus dësem Rapport richteg z'interpretéieren, mussen allgemeng folgend Punkte beuecht ginn: 

  • D'Informatiounen an dësem Rapport bezéien sech op vermutt Nieweneffekter, d.h. medezinesch Evenementer, déi no der Impfung beobacht goufen, awer net onbedéngt a Relatioun mam Impfstoff stinn oder op dësen zeréckzeféiere sinn. 
  • De Verdacht vun enger Niewewierkung no enger Impfung bedeit net zwéngend, datt eng kausal Verbindung besteet.
  • Dës Fäll ginn dowéinst ënnersicht a vun de Gesondheetsautoritéiten eenzel, souwéi zesumme mat Fäll aus anere Länner, déi iwwert den EudraVigilance (Europäesch Datebank fir Pharmacoviligance) erfaasst goufen, analyséiert. 
  • Nëmmen eng detailléiert Analys a wëssenschaftlech Bewäertung vun allen disponibelen Donnéeën erméiglecht et, robust Conclusiounen iwwert d'Risike vum Impfstoff ze zéien. 
  • D'Zuel vun den deklaréierten Nieweneffekter muss a Relatioun gesat gi mat der Zuel un Impfungen, déi agi goufen.

D'Donnéeën zur Pharmacoviligance eleng, déi vun de Gesondheetsautoritéite gesammelt ginn, kënnen net determinéieren ob d'Impfung den deklaréierten Nieweneffekt ervirgeruff huet. Dës Agrenzung féiert reegelméisseg zu Onkloerheeten iwwert d'Donnéeën, déi fir de Public accessibel sinn, virun allem mat Bezuch op d'Zuel vun deklaréierten Doudesfäll.

Doudesfäll wärend groussen Impfcampagnen, wann Millioune vu Persoune geimpft ginn, kënne virkommen. Et besteet awer net zwéngend eng kausal Verbindung mam Impfstoff: déi zäitlech Associatioun tëscht enger Impfung an engem Doudesfall implizéiert keng kausal Verbindung.

Europäesch Donnéeën

Iwwert de Monitoring eraus, deen op nationalem Niveau gemaach gëtt, iwwerwaacht déi europäesch Medikamentenagence (EMA) d'Sécherheet vun de COVID-19-Impfstoffer déi an der Europäescher Unioun autoriséiert si ganz genau. Esou ass et méiglech seelen Nieweneffekter festzestellen, déi virkomme kënne wann e puer Millioune Leit geimpft sinn.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert