-
Neit COVID-19-Gesetz: Lockerung vu verschiddene Mesuren
Nom Vott vum neie COVID-19-Gesetz duerch d'Chamber, gouf dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie op follgende Punkten adaptéiert:
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar
An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 14.918 op 11.003 erofgaangen (-26%).
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14:00 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Januar
An der Woch vum 24. bis den 30. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 15.293 op 14.918 erofgaangen (-2%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Januar
An der Woch vum 17. bis den 23. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.734 op 15.293 geklommen (+30%).
-
Alternativen Impfschema bei enger initialer Injektioun mam Janssen-Impfstoff an enger uschléissender Zousazimpfung mat engem mRNA-Impfstoff an engem zousätzleche Booster mat engem mRNA-Impfstoff
Fir besonnesch de Besoine vu Persoune gerecht ze ginn, déi an europäesch Länner reesen, wou elo en Impfschema mat 3 Impfdosisse verlaangt gëtt, huet d'Regierung decidéiert, dësen alternativen Impfschema als Optioun ze proposéieren.
-
Ännerung vun der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff géint COVID-19
De Gesondheetsministère wëll weider Prezisiounen iwwert déi rezent Ännerunge bei der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff (Johnson&Johnson) ginn, déi dozou gefouert hunn, dass eng Rei Persounen nei rektifizéiert Certificaten zougestallt kruten.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Januar
An der Woch vum 10. bis de 16. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 10.680 op 11.728 geklommen (+8%).
-
COVID-19: Presentatioun vum Avis vum Experterot iwwert d'Impfflicht
De 14. Januar 2022 presentéiert den Experterot säin Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis de 9. Januar 2022
An der Woch vum 3. bis den 9. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 5.643 op 10.680 geklommen (+89%).
-
Upassung vun der CovidCheck.lu-App un déi nei Reegelen vum 2G+-System
Nodeems d'Chamber déi nei Reegelen am Kader vum 2G+-System ugeholl huet, si Persounen, déi ee kompletten Impfschutz vu manner wéi 180 Deeg hunn, Persounen, déi hiren Impf-Rappel kruten, a Persounen mat engem Geheelt-Certificat an Zukunft vun der Testflicht ënnert dem CovidCheck 2G+ befreit.
-
Upassung vum COVID-Gesetz
Nom Vott vum Gesetzesprojet N°7943, ass dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 op folgende Punkten ugpeasst ginn.
-
COVID-19-Impfung: "Booster" fir Jonker ab 12 Joer a Kierzung vum Delai fir d'"Booster"-Impfung op 3 Méint
Opgrond vun der aktueller epideemescher Well an de Risike vun der Omikron-Variant, huet de Regierungsrot op senger Sëtzung vum 7. Januar 2022 decidéiert, den Delai tëscht der "Booster"-Impfung no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer) an enger "Mix & Match"-Impfung (AstraZeneca als 1. Dosis an RNA-Impfstoff als 2. Dosis) op 3 Méint ze kierzen, an d'"Booster"-Impfung fir Jugendlecher ab 12 Joer opzemaachen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022
An der Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.688 op 5.641 geklommen (+110%).
-
COVID-19: Kierzung vun der Isolatiounsdauer fir COVID-19-Positiver, Upassung vun der Gültegkeet vun den Impf-Certificater op 9 Méint an Ännerunge beim CovidCheck 2G+-System
De 4. Januar 2022 huet de Regierungsrot e Gesetzesprojet approuvéiert, deen déi maximal Isolatiounsdauer weiderhi bei 10 Deeg festleet, fir Persounen, déi weder komplett geimpft sinn, nach en Impf-Rappel 6 Méint no der Éischtimpfung kruten.
- Éischt Säit
- ...
- 8
- 9
- 10
- 11
- 12
- ...
- Lescht Säit