COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar

An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 14.918 op 11.003 erofgaangen (-26%).

Vun den 11.003 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 2.580 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.389 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 23 vun den 73 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (50 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 8 vun de 11 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar duerchgefouert goufen, ass vun 39.142 op 32.224 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 151 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 239 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.909. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 6. Februar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 26.212 erofgaangen, am Verglach zu 30.772 den 30. Januar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 126.261 op 141.812 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 29,6 Joer.

An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar, goufen et 12 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 73 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 63 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 10 op 11 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 51 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,72 géintiwwer 0,89 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 34,15%, géintiwwer 38,11% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.733 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 2.350 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe erofgaangen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 695 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 4.082 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar ware 35.102 Persounen an Isolatioun (-2%) a 6.142 a Quarantän (-40%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 40,1% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (4,7%), de Fleegesecteur (4,1%), Fräizäitaktivitéiten (2,9%) an d'Reesen an d'Ausland (2,7%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (39,9%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Feburar 2022 waren 31 Klassen aus  12 Grondschoulen a 9 Lycéeë vun engem Zenario 4, mat méi wéi 5 positiv Fäll an enger Klass, betraff.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar goufen am Ganze 16.636 Dosissen aginn. 969 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.074 kruten déi 2. Dosis a 11.824 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 9. Februar op 1.247.479.

463.481 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 77% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Eng 4. Dosis fir héich vulnerabel Persounen

All immunodepriméiert Persounen (mat Organ- oder hämatopoetesche Stammzellentransplantatiounen, Patienten, déi sech enger lymphopenescher Chimiotherapie oder enger immunsuppressiver Therapie ënnerzéien, oder Persoune mat engem primitiven Immundefizit) oder ënner Dialys, déi iwwer 18 Joer hunn, kënnen eng 4. Dosis vum Impfstoff kréien. Dëst ka fréistens 3 Méint no der leschter Injektioun geschéien.

Fir e Rendez-vous fir déi 4. Dosis ze huele besti follgend Méiglechkeeten:

  • D'Persoun kann hir 4. Dosis direkt vun hirem Hausdokter kréien.
  • D'Persoun kann e Rendez-vous an engem Impfzenter maachen. Den Dokter oder Spezialist enregistréiert d'Persoun op Myguichet als vulnerabel, an dës gëtt da vum Helpdesk Impfung kontaktéiert fir e Rendez-vous ze fixéieren.

 "Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der véierter Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Eng liicht Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim schéngt dës Woch ugefaangen ze hunn, och wann den aktuellen Niveau vu SARS-CoV-2 nach änlech mat deem vun Oktober 2020 ass. Dës Baisse ass an allen Etappen festzestellen.

D'Resultater vun den nächste Wochen si wichteg fir des Tendenz ze bestätegen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST

 

Aktualiséiert