Alternativen Impfschema bei enger initialer Injektioun mam Janssen-Impfstoff an enger uschléissender Zousazimpfung mat engem mRNA-Impfstoff an engem zousätzleche Booster mat engem mRNA-Impfstoff

Entspriechend dem Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 18. Januar 2022, gëllt eng Éischtimpfung mat enger Eenzeldosis vum Janssen Impfstoff (Johnson&Johnson) mat enger uschléissender Zousazimpfung mam Janssen-Impfstoff oder mat engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty oder Spikevax) als kompletten Impfschema zu Lëtzebuerg an ass domat CovidCheck-konform.

Wéi an aneren europäesche Länner, envisagéiert den CSMI allerdéngs och een alternativen Impfschema mat enger Éischtimpfung mam Janssen-Impfstoff an enger uschléissender Zousazimpfung mat engem mRNA-Impfstoff (mix & match) no mindestens 1 Mount an engem Impfrappel ("Booster") mat engem mRNA-Impfstoff e puer Méint méi spéit.

Fir besonnesch de Besoine vu Persoune gerecht ze ginn, déi an europäesch Länner reesen, wou elo en Impfschema mat 3 Impfdosisse verlaangt gëtt (z.B. Däitschland), huet d'Regierung decidéiert, dësen alternativen Impfschema als Optioun an op fräiwëlleger Basis ze proposéieren.

Persounen, déi esou een Impfschema realiséiere wëllen an domat un engem Impfrappel ("Booster") mindestens 3 Méint no der 2. Impfung interesséiert sinn, kënne sech ouni Rendez-vous bei enger "Pop Up"-Impfstatioun presentéieren, oder sech iwwert d'Säit Guichet.lu umellen, fir eng Invitatioun fir e Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere geschéckt ze kréien. Déi entspriechend Demarche op MyGuichet ass am Laf vun der nächster Woch operationell.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert