COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Januar

An der Woch vum 10. bis de 16. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 10.680 op 11.728 geklommen (+8%).

Vun den 11.728 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 2.807 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.429 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 26 vun de 48 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (22 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 14 vun den 19 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 10. bis den 16. Januar duerchgefouert goufen, ass vun 36.208 op 37.804 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 152 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 150 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.207. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 16. Januar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 22.432 geklommen, am Verglach zu 16.343 den 9. Januar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 98.766 op 104.398 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 28 Joer.

An der Woch vum 10. bis de 16. Januar, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 78 Joer.

An de Spideeler goufen et 48 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 20 op 19 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 56 op 48 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,03 géintiwwer 1,46 an der viregter Woch, eropfaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 31,02%, géintiwwer 29,50% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.848 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 1.682 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an den Alterstranchen 0-14 Joer (+77%), 30-44 Joer (+10%) a 75+ Joer (+9%) erop. An deenen aneren Alterstranchë geet den Taux ëm 3% bis 20% erof. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer mat 416 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 4.224 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 10. bis de 16. Januar, waren 22.625 Persounen an Isolatioun (+98%) an 8.787 a Quarantän (+144%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees bleift anscheiend déi heefegst Source mat 24,2% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (6,6%) an d'Aarbecht (3,6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (57,7%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

An der Woch vum 10. bis de 16. Januar 2022 ware 34 Klassen aus 22 Grondschoulen a 5 Lycéeë vun engem Zenario 4, mat méi wéi 5 positiv Fäll an enger Klass, betraff. D'Gesondheetsinspektioun huet déi ongeimpften an net-geheelte Schüler a Qauarntän gesat.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 10. bis de 16. Januar, goufen am ganzen 47.372 Dosissen aginn. 4.039 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4.232 kruten déi 2. Dosis an 39.101 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 18. Januar op 1.177.944.

454.784 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 75,5% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

CovidCheck 2G+ System

Folgend Persounen sinn ab dem 11.01.2022 am Kader vum CovidCheck 2G+ vun der Testflicht befreit:

  • déi, déi ee kompletten Impfschutz hu vu manner wéi 180 Deeg
  • en Impf-Rappel (Booster) kruten, oder
  • déi, déi e Geheelt-Certificat virweise kënnen

Gültegkeet vun den Impfcertificaten

Déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten ass op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt.

Zurzäit steet d'Gültegkeetsdauer vun den Certificate fir den Impf-Rappel deemno nach net fest.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun den Pop Up Statioune gëtt permanent aktualiséiert an ass um Site covidvaccination.lu ze fannen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der éischter Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Den aktuelle Niveau vu SARS-CoV-2 an de Kläranalegen ass ganz änlech zu deem vun Oktober 2020, wat dee bis elo héchste Stand war, deen an der gesamter analyséiert Period (Mäerz 2020 - Januar 2022) gemooss gouf. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist no uewen.

Um Niveau vun deenen eenzelnen analyséierte Kläranlage konnt eng ganz änlech Tendenz festgestallt ginn, mat Niveaue vu SARS-CoV-2 déi deenen héchste Valeure vun Oktober 2020 entspriechen, an dat a quasi alle Kläranlagen. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert