Upassung vun der CovidCheck.lu-App un déi nei Reegelen vum 2G+-System

Nodeems d'Chamber déi nei Reegelen am Kader vum 2G+-System ugeholl huet, si Persounen, déi ee kompletten Impfschutz vu manner wéi 180 Deeg hunn, Persounen, déi hiren Impf-Rappel kruten, a Persounen mat engem Geheelt-Certificat an Zukunft vun der Testflicht ënnert dem CovidCheck 2G+ befreit. D'CovidCheck.lu-App ass an dësem Sënn ugepasst ginn.

Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der CovidCheck-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn. Et gëtt och recommandéiert, d'App mam nationale System ze synchroniséieren. Dofir muss een an der App op "Paramètres" an dono op "Synchroniser avec le système national" klicken.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert