Den nationale Krisestab huet d'Phas 3 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler declenchéiert

Well d'Zuel vun de COVID-19-Patienten op der Normalfleeg an op den Intensivstatioune vun de Centre-hospitaliere vum Land eropgeet, huet den nationale Krisestab decidéiert d'Phas 3 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler ze declenchéieren.

D'Phas 3 entsprécht engem signifikantem Occupatiounstaux vun de Better op der Intensivstatioun an an der Reanimatioun mat COVID-19-Patienten an implizéiert eng Deprogrammatioun vu verschiddene geplangte chirurgeschen Interventiounen.

Déi 4 Centre-hospitalieren (CHL, Chem, CHdN an HRS) probéieren hir Organisatioun fir net dringend chirurgesch Interventiounen z'optiméieren, kënnen allerdéngs net ausschléissen dass verschidden Interventiounen, déi keng direkt Auswierkungen op d'Gesondheet vum Patient hunn, verréckelt musse ginn.

Den Tri vun den Operatioune gëtt vun den Dokteren a Chirurge vun de jeeweilege Spideeler no géigesäitegem Accord an entspriechend den Interventiouns-Indikatioune gehandhaabt. Dringend a wichteg Interventioune ginn ënner allen Ëmstänn bäibehalen.

Communiqué vum Gesondheetsministère / vun der Féderation des hôpitaux luxembourgeois (FHL)

Aktualiséiert