COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. Dezember

An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.593 op 2.727 geklommen (+5%).

Vun den 2.727 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 723,08 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 288,43 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persounen méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impfschutz.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 28 vun den 58 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (30 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 16 vun den 22 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 13. bis den 19. Dezember duerchgefouert goufen, ass vun 30.536 op 30.921 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 59 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 41 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 676. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 13. bis den 19. Dezember). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 19. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.413 geklommen, am Verglach zu 5.343 den 12. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 88.065 op 90.713 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 32,2 Joer.

An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember, goufen et 9 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 78 Joer.

An de Spideeler goufen et 58 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 55 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better nëmme liicht, vu 23 op 22 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 56 op 64 Joer geklommen.

Positivitéitstaux  an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,00 géintiwwer 0,98 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 8,82%, géintiwwer 8,49% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 430 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 408 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei den Altersgruppe vu 30-44 Joer (-2%) an vu 60-74 Joer (-20%). Déi gréissten Hausse ass bei der Alterstranche vun den

0-14 (+16%) an den 45-59 Joer (+13%) ze vermierken. Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 773 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 140 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember, ware 5.795 Persounen an Isolatioun (-3%) a 4.283 a Quarantän (-39%).

Kontaminatiounen

Fir déi 2.727 nei Fäll (tëschent dem 13. an dem 19. Dezember 2021 enregistréiert) bleift de Familljekrees (37,4%) déi heefegst Source vun den Infektiounen, duerno kommen d'Bildung (15,8%) - haaptsächlech Primärschoulen (11,0%) - d'Aarbecht (6,0%) an d'Fräizäitakivitéiten (3,9%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (31,6%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

Vauban École a Lycée français de Luxembourg

Eng héich Unzuel u positive Fäll gouf et an der Primärschoul vum Grupp Vauban École a Lycée français de Luxembourg tëscht dem 13. an dem 19. Dezember 2021. 72 Kanner goufe positiv diagnostizéiert. 28 Klasse ware vu sanitäre Moossname betraff, mat enger Majoritéit am Zenario 1 an 2. 9 Klasse waren am Zenario 3. 10 vun de positive Fäll hate keng Auswierkungen op den Unterrecht.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember, goufen am Ganze 40.755 Dosissen aginn. 4.012 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.890 kruten déi 2. Dosis an 33.853 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 22. Dezember op 1.025.856.

440.854 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 79,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

"Booster"-Dosis: Temporär Reouverture vun engem 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box

Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung  vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg) Den Impfzenter gëtt fir eng initial Period vum 10. bis de 15 Januar opgemaach. Dës Period kann allerdéngs verlängert ginn, ofhängeg vun den Impfstoff-Liwwerungen an de Grand-Duché.

Den Impfzenter déngt ausschliisslech fir Impf-Rappeller, déi op Rendez-vous gemaach ginn.

Säit dem 20. Dezember 2021, kann een op www.guichet.lu Rendez-vous fir dësen Impfzenter huelen.

Selbstverständlech ass et méiglech den Impf-Rappel och ouni Invitatioun vun der Regierung bei engem Hausdokter oder an enger "Pop up" Impfstatioun ze kréien.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all de neien temporären Impf-Plazen, déi vun Dag zu Dag erweidert a kontinuéierlech aktualiséiert gëtt, kann een um Internetsite covidvaccination.lu consultéieren.

Ouvertureszäite wärend de Feierdeeg: Impfzenteren, Pop Up Statiounen, Helpline

Et wief drop higewisen, dass d'Ouvertureszäite vun den Impfzenteren an de Pop Up Statiounen, sou wéi vun der Helpline iwwert d'Feierdeeg anescht sinn. Weider Informatiounen op covidvaccination.lu.

Impfzenteren

  • 24.12.2021: 07:00 bis 14:00 Auer
  • 25.12.2021: zou
  • 26.12.2021: zou
  • 31.12.2021: 07:00 bis 14:00 Auer
  • 01.01.2022: zou

Helpline

  • 24.12.2021: 07:30 bis 12:00 Auer
  • 25.12.2021: zou
  • 26.12.2021: zou
  • 31.12.2021: 07:30 bis 12:00 Auer
  • 01.01.2022: zou

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 13. bis den 19. Dezember ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen SARS-CoV-2 Stréim op, déi en änlechen Niveau hunn, wéi déi vun deenen 2 leschte Wochen, woubäi sech d'Signal op engem héije Niveau stabiliséiert. Eng änlech Tendenz ass och op regionalem Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert