-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis de 10. Oktober
An der Woch vum 4. bis de 10. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 591 op 675 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.540 Fäll géintiwwer 2.827 an der Woch virdrun (+25%).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14:30 Auer un.
-
Impfcampagne fir Lycéesschüler ab dem 18. Oktober 2021
De Gesondheetsministère, den Héije Kommissariat fir national Sécherheet an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend starten, zesumme mat de Lycéeën, eng Impfcampagne fir Jugendlecher.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. September bis den 3. Oktober
An der Woch vum 27. September op den 3. Oktober ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 591 (+0.2%) stabel bliwwen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.421 op 2.827 geklommen ass (+17%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. September
An der Woch vum 20. bis de 26. September ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 590 (+9%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.421 Fäll géintiwwer 1.857 an der Woch virdrun (+30%).
-
Gratis PCR-Tester fir Persounen déi sech net impfe loosse kënnen
Fir et Leit, déi sech net impfe loosse kënnen, ze erméiglechen, weiderhi vu gratis PCR-Tester ze profitéieren, huet de Regierungsrot decidéiert, fir en neie geziilten Testprogramm mat "COVID-19 PCR-Test-Bongen" anzeféieren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. September
An der Woch vum 13. op den 19. September ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 542 stabel bliwwen, géintiwwer 553 an der viregter Woch (-2%), wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.477 op 1.857 geklommen ass (+28%).
-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune vun 12 Joer oder méi gëllen, wann dës mam Flieger op Lëtzebuerg fléien, bis den 18. Oktober inclus verlängert goufen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. September
An der Woch vum 6. bis den 12. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 573 op 553 (-4%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.112 op 1.477 eropgaangen ass (+33%).
-
Zousätzlech COVID-19-Impfdosis no Éischtimpfung fir eeler Leit an Dialys-Patienten
No de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 7. September 2021, kënnen eeler Persounen, Bewunner aus Fleegestrukturen an Dialys-Patienten eng 3. Impfdosis ("Booster") géint de Coronavirus kréien.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 30. August bis de 5. September
An der Woch vum 30. August bis de 5. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 573 (+6%) geklommen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.514 op 1.112 erofgaangen ass (-27%)
-
De Claude Meisch an d'Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesuren an de Schoule vir
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert stellen déi sanitär Mesurë vir, déi fir d'Rentrée 2021-22 géint d'Verbreedung vum COVID-19 an de Schoulen agefouert ginn. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. August
An der Woch vum 23. bis den 29. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 440 op 542 (+23%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.514 Fäll géintiwwer 887 an der Woch virdrun (+71%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. August
An der Woch vum 16. bis den 22. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 295 op 440 (+49%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 887 Fäll géintiwwer 831 an der Woch virdrun (+7%).
- Éischt Säit
- ...
- 11
- 12
- 13
- 14
- 15
- ...
- Lescht Säit