COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. September

An der Woch vum 20. bis de 26. September ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 590 (+9%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.421 Fäll géintiwwer 1.857 an der Woch virdrun (+30%).

Vun de 590 Neiinfektioune waren 380 Persounen net oder net vollstänneg geimpft (64,4%) an 210 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (35,6%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 70% vun de Patienten an der Normalfleeg guer net oder just partiell geimpft an 30% haten ee kompletten Impf-Schema. An der Intensivfleeg ware 84% guer net oder just partiell geimpft.

D'Zuel vu PCR-Tester, déi an der Woch vum 20. bis de 26. September duerchgefouert goufen, ass staark zeréckgaangen (opgrond vum Stopp vum Large Scale Testing), mat 13.131 Tester géintiwwer 28.992 déi Woch virdrun.

Bannent der Referenzperiod, hu 5 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 8 an der Woch virdrun. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, op 319. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester goufen insgesamt 804 positiv Fäll gemellt, mat 0 Fäll an der Woch vum 20. bis de 26. August. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

De 26. September goufen et insgesamt 1.069 aktiv Infektiounen (par rapport zu 1.038 den 19.09), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 75.468 op 76.026 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 29,5 op 30,6 Joer geklommen.

An der Woch vum 20. bis den 26. September, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 16 nei Hospitalisatioune vu positive COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 21 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 9 op 8 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 48 op 57 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,98 op 1,05 eropgaangen, genau wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee vun 1,87% an der Woch virdrun op 4,49% eropgaangen ass. De Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass vun 5,06% op 4,50% erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 93 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 85 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen, ausser der Kategorie vu 15-29 Joer. Déi gréissten Hausse gëtt et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer (+41%), der Alterstranche vun 30-44 Joer (+27%) an der Alterstranche vu 75+ Joer (+27%). An der Altersgrupp 15-29 Joer ass den Inzidenz-Taux erofgaangen (-15%).

D'Alterstranche vu 0-14 Joer weist deen héchsten Inzidenz-Taux op, mat 166 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 30-44 Joer, mat 112 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 Joer a 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 20. bis de 26. September waren 1.218 Persounen an Isolatioun (-3%) an 2.534 a Quarantän (+74%).

Kontaminatiounen

Fir déi 590 nei Fäll bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 36,1% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (11,9%), d'Bildung (11,2%) an d'Fräizäitaktivitéiten (5,4%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 27,8%.

Zenario 4 an der Spillschoul École internationale Edward Steichen zu Clierf 

No 2 positive Fäll, déi de 24. September gemellt goufen, gouf den Zernario 2 agesat an d'Schüler vun 2 Klasse vun der Spillschoul vun der École internationale Edward Steichen zu Clierf goufe bis den 1. Oktober inklusiv a Quarantän gesat.

Tëschent dem 25. an dem 27. September 2021 goufe 7 weider Schüler vun deenen 2 Klasse positiv getest, esou dass en Zenario 4 deklaréiert gouf. Den Dispositif, deen en place gesat gouf, war dovun net affektiéiert, well d'Dauer vun der Quarantän onverännert bleift.

De 27. September gouf ee positive Fall an enger 3. Klass vun der Spillschoul gemellt. En vue vun der reegelméisseger Vermëschung vun de Schüler aus de 6 Klasse vun der Spillschoul (gemeinsam Coursen, gemeinsam Gruppen an der Maison relais) an de spezifesche sanitäre Mesurë fir dèes Altersgrupp (keng Mask, enke Kontakt, Ecartéierung am Zenario 1), gouf decidéiert, net nëmmen déi 3. Klass a Quarantän ze setzen, mee och déi 3 reschtlech Klasse vun der Spillschoul, an dat bis den 1. Oktober 2021.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 20. bis de 26. September goufen am Ganze 4.922 Dosissen aginn. 2.269 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.602 kruten déi 2. Dosis, an 51 kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 28. September op 785.299 404.449 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 73% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • Samschdeg, 2. Oktober, vun 11:30 bis 16:00 Auer op der Braderie Déifferdeng
  • Sonndeg, 3. Oktober, vun 10:00 bis 16:00 op der Porte ouverte vum Institut St. Joseph zu Betzder
  • Samschdeg, 9. Oktober, vun 9:30 bis 13:00 Auer um Nëssmoort zu Veianen

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 20. bis de 26. September ënnersicht goufen, huet eng moderat Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng signifikant Baisse vum Ëmlaf vum Virus gouf um Ufank an um Schluss vun der Woch observéiert. D'Resultater vun der nächster Woch si wichteg, fir ze confirméieren, ob dës Tendenz unhält.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert