Impfcampagne fir Lycéesschüler ab dem 18. Oktober 2021

E Maximum u Coursen am Presenzunterrecht fir d'Schüler a maximal Sécherheet fir déi ganz Schoulcommunautéit an d'Famille sinn d'Ziler, déi d'Strategie vun der Regierung säit Ufank vun der sanitärer Kris bei der Bekämpfung vum SARS-CoV-2-Virus leeden.

D'Impfung ass dee beschte Wee fir de Virus ze stoppen

D'Impfung ass am Moment déi effikasste Method fir dës Strategie ëmzesetzen. Ënnert den Enseignanten hunn der scho vill vun der Offer profitéiert, fir sech impfen ze loossen: bal 90% hu bis haut ee kompletten Impf-Schema.

Lycéesschüler, wéi déi Erwuessen an am Ënnerscheed zu Kanner ënner 12 Joer, kënne vun enger Impfung profitéieren an esou ee gudde Schutz géint de Virus opbauen, fir nees e Stéck Fräiheet zeréckzefannen an en dréngend néidegt soziaalt Liewen ze féieren.

Aktuell si ronn 55% vun de Lycéesschüler komplett geimpft. Dëse Prozentsaz encouragéiert, mee et geet nach net duer fir d'Propagatioun vum Virus ënnert der Populatioun komplett ze stoppen.

D'Impfung an Zesummenaarbecht mat de Lycéeën

De Gesondheetsministère, den Héije Kommissariat fir national Sécherheet an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend starten, zesumme mat de Lycéeën, eng Impfcampagne fir Jugendlecher.

Fir de Jugendlechen den Zougang zur Impfung ze vereinfachen, wäerte si vum 18. bis den 29. Oktober 2021 d'Méiglechkeet hunn, sech wärend der Schoulzäit impfen ze loossen. Déi 2. Impfung ass 4 Woche méi spéit, vum 15. bis den 29. November 2021, ënnert deene selwechte Konditiounen.

Verschidde Lycéeë wäerte Busser organiséieren, fir d'Schüler vum Schoulgebai an den Impfzenter ze féieren. Fir déi Schoulen, déi wäit vun den Impfzentere fort leien, komme mobil Ekippen op d'Plaz impfen.

Fir sech impfen ze loosse musse mannerjäreg Schüler eng Autorisatioun vun hiren Eltere virleeën. Volljäreg Schüler musse just hiren Accord ginn.

Ab dem 7. Oktober wäerten d'Lycéeën de Schüler e Bréif fir d'Elteren, en Depliant mat Explikatiounen, souwéi en Dokument mat der Autorisatioun vun den Elteren/Averständneserklärung vum Schüler a Froen zur Gesondheet vum Schüler ausdeelen.

D'Impfung ass essentiel fir d'Gesondheet vun all Mënsch, ob jonk oder al, ze schützen an endlech aus der sanitärer Kris erauszekommen.

Communiqué vum Gesondheetsministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN) / Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert