-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. August
An der Woch vum 9. bis de 15. August a fir déi 6. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 404 op 295 (-27%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 831 Fäll géintiwwer 1.379 an der Woch virdrun (-40%).
-
Impfung ouni Rendez-vous an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg ab dem 16. August 2021
No dem grousse Succès vun de spontanen Impf-Aktiounen am Kader vum "Impf-Bus on tour", dee vun de mobillen Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun organiséiert gouf, wäert et an Zukunft och méiglech sinn, sech ouni Rendez-vous am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg impfen ze loossen. Dat ab dem 16. August.
-
COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. August
An der Woch vum 2. bis den 8. August a fir déi 5. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vu 439 op 404 (-8%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.379 Fäll am Verglach zu 1.065 Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass (+23%).
-
Pressekonferenz: Informatiounen zu der aktueller COVID-19-Situatioun
Am Kader vun der Pressekonferenz gëtt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert Informatiounen zu der aktueller sanitärer Situatioun. De Livestream fänkt géint 09:30 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Juli bis den 1. August
An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August a fir déi 4. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 566 op 439 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.065 Fäll géintiwwer 1.599 an der Woch virdrun (-33%).
-
Start vun der Impfung géint COVID-19 an den Dokteschpraxissen
Ab der Woch vum 2. August ginn déi éischt Impfungen an den Dokteschpraxisse vun den Hausdokteren a Pediateren ugebueden.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Juli
An der Woch vum 19. bis de 25. Juli a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 727 op 566 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.599 Fäll géintiwwer 2.431 an der Woch virdrun (-34%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Juli
An der Woch vum 12. bis den 18. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 829 op 727 (-12%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.431 Fäll géintiwwer 2.890 an der Woch virdrun (-16%).
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Juli
An der Woch vum 5. bis den 11. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 787 op 828 (+5%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.890 Fäll géintiwwer 2.228 an der Woch virdrun (+30%).
-
Presentatioun vun de Conclusioune vun der onofhängeger externer Etüd zu de Clusteren an de stationären Altersheemer
D'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert presentéieren d'Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an de stationären Alters- a Fleegeheemer. De Livestream fënnt nom Debat an der Chamber statt.
-
Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer - "mix & match"
Op Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vun haut decidéiert, seng Impfstrategie z'adaptéieren, fir eng heterologesch Impfung z'erméiglechen (och als "mix and match" bezeechent).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Vizepremierminister Dan Kersch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli
An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 107 op 787 (+635%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.228 Fäll géintiwwer 353 an der Woch virdrun (+531%).
-
Nei Waardelëscht fir all Persoun, déi sech géint de COVID-19 impfe loosse wëll, Frontalieren inclus
D'Phas 6 vun der Impfcampagne (18-54 Joer) gouf dës Woch ofgeschloss.
-
Communiqué a Relatioun mat der Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum SARS-CoV-2 Virus, déi anscheinend méi ustiechend sinn, a besonnesch am Hibléck op d'Verbreedung vun der Delta-Variant (B.1.617.2.), sinn déi zousätzlech sanitär Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg bis de 15. Juli 2021 mat abegraff verlängert ginn.
- Éischt Säit
- ...
- 12
- 13
- 14
- 15
- 16
- ...
- Lescht Säit