COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Juli

An der Woch vum 5. bis den 11. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 787 op 828 (+5%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.890 Fäll géintiwwer 2.228 an der Woch virdrun (+30%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 5. bis den 11. Juli duerchgefouert goufen, ass vu 35.374 op 43.284 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hu 17 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 10 an der Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 238. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufe 786 positiv Fäll gemellt, mat 91 Fäll an der Woch vum 5. bis den 11. Juli (géintiwwer 182 gemellte Fäll déi Woch virdrun). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

Den 11. Juli war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.547 weider eropgaangen (am Verglach zu 825 de 04.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 69.786 op 69.891 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 28,9 Joer op 27,9 erofgaangen.

Et gouf 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19.

An de Spideeler goufen et 6 nei Hospitalisatioune vu positive COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 3 an der viregter Woch.

Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better bei 1 stabel bliwwen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 46 op 45 Joer nëmme liicht zeréckgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 2,10 op 0,93 erofgaangen, esou wéi de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 1,91% par rapport zu 2,22% an der Woch virdrun. De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 4,49%, géintiwwer 5,94% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet awer erop a läit op 7 Deeg bei 130 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 124 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 28. Juni.

Am Verglach zu der viregter Woch ass den Inzidenz-Taux bei allen Alterstranchë geklommen, mat Ausnam vun der Kategorie vun 30-44 Joer, wou e liicht erofgaangen ass (-5%). Déi gréissten Hausse gëtt et an der Alterstranche 0-14 Joer (+76%). Eng liicht Hausse gëtt et bei den Alterstranchë vu 15-29 Joer (+2%), 45-59 Joer (+5%) a 60-74 Joer (+6%).

Et sief unzemierken, datt 80% vun all de Fäll an der leschter Woch an den Altersgruppen 15-29 an 30-44 Joer erfaasst gi sinn. D'Altersgruppe 75+ a 60-74 Joer hunn den niddregsten Inzidenz-Taux.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 5. bis den 11. Juli, waren 1.563 Persounen an Isolatioun (+165%) an 2.576 a Quarantän (+44%).

Kontaminatiounen

Fir déi 828 nei Fäll ass de Familljekrees nees déi heefegst Source mat 22,5% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (20,3%), d'Educatioun (7,1%) an d'Reesen a d'Ausland (6,5%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass vun 38,7 op 33,2% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 5. bis den 11. Juli, goufen am Ganze 37.143 Dosissen aginn. 20.766 Persoune kruten eng 1. Dosis a 16.377 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 14. Juli op 626.289 (1. an 2. Dosis). 279.242 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 5. bis den 11. Juli ënnersicht goufen, bleift identesch zu deem an der viregter Woch. Eng änlech Tendenz gëtt och an den eenzele Kläranlage festgestallt. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

​D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert