Impfung ouni Rendez-vous an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg ab dem 16. August 2021

No dem grousse Succès vun de spontanen Impf-Aktiounen am Kader vum "Impf-Bus on tour", dee vun de mobillen Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun organiséiert gouf, wäert et an Zukunft och méiglech sinn, sech ouni Rendez-vous am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg impfen ze loossen. Dat ab dem 16. August (an net eréischt wéi uganks geplangt ab dem 30. August).

Effektiv, wéi den "Impf-Bus" den 11. August beim Event "City Sounds" vum Atelier an der Stad Lëtzebuerg stoung, hu sech 142 Persounen impfe gelooss. Beim Event "This is your shot / Let's get vaccinated" zu Hollerech am Atelier waren et der 180.

Déi nächst Plazen, wou den "Impf-Bus on tour" ze fanne wäert sinn, ginn an den nächsten Deeg op www.covidvaccination.lu matgedeelt..

Hei nach d'Ëffnungszäite vum Immpfzenter an der Victor Hugo Hal:

  • An der Woch vum 16.08:
    • Mé-Sa: 07:00-19:00 Auer
  • Ab der Woch vum 23.08:
    • Mé: 13:00-19:00 Auer
    • Dë-Fr: 07:00-19:00 Auer
    • Sa: 07:00-13:00 Auer
  • Ab der Woch vum 13.09:
    • Méindeg zou
    • Dë-Fr: 07:00-19:00 Auer
    • Sa: 07:00-13:00 Auer

Weider Informatiounen op www.covid19.lu.

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert