COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Juli

An der Woch vum 19. bis de 25. Juli a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 727 op 566 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.599 Fäll géintiwwer 2.431 an der Woch virdrun (-34%).

Et sief ze bemierken, dass vun de 566 Neiinfektioune 461 Persounen net geimpft waren (81,4%) an 105 Persounen ee kompletten Impfschutz haten (18,6%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 19. bis de 25. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 49.884 op 43.736 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 11 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 9 an der Woch virdrun. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, op 258. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester goufen insgesamt 786 positiv Fäll gemellt, mat 0 Fäll an der Woch vum 19. bis de 25. Juli. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéistaux net matgerechent ginn.

Op de 25. Juli, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.236 erofgaangen (am Verglach zu 1.497 den 18.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 70.667 op 71.493 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass geklommen a läit bei 30,3 Joer, am Verglach zu 27,5 Joer d'Woch virdrun.

An der Woch vum 19. bis de 25. Juli gouf et 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 17 nei Hospitalisatioune vu positive COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 8 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun bleift d'Zuel vun de beluechte Better stabel bei 4. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass nëmme liicht vun 48 op 51 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,91 op 0,82 erofgaangen. Och de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vun 1,46% op 1,29% erofgaangen. De Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, ass mat 4,19% stabel bliwwen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 89 Fäll pro 100.000 Awunner zeréckgaangen, géintiwwer 115 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Dës Zuel ass fir déi 3. Woch hannertenee réckleefeg.

Den Inzidenz-Taux ass bei allen Alterstranchen erofgaangen, mat Ausnam vun der Kategorie vun 30-44 Joer a vu 75+ Joer. Déi gréisste Baisse gëtt et an der Alterstranche 15-29 Joer (-37%). An der Alterstranche vun de 75+ gëtt et eng Hausse vun +71%. Dës Hausse entsprécht 5 neie Fäll am Verglach zu der Woch virdrun.

Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 15-29 Joer, mat 206 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche 30-44 Joer mat 104 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief drop higewisen, dass 71% vun all de positive Fäll vun der leschter Woch an den Altersgruppe vu 15-29 an 30-44 Joer waren.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 19. bis de 25. Juli, waren 1.588 Persounen an Isolatioun (-18%) an 1.124 a Quarantän (-38%).

Kontaminatiounen

Fir déi 566 nei Fäll bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 27,3% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (13,6%) an d'Fräizäitaktivitéiten (13,2%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 36,6% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 19. bis de 25. Juli goufen am Ganzen 30.676 Dosissen aginn. 4.835 Persoune kruten eng 1. Dosis a 25.826 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 27. Juli op 694.898 (1. an 2. Dosis). 336.173 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Et sief drop higewisen, dass d'Donnéeën zu de geimpfte Persounen adaptéiert gi sinn, sou dass just nach geimpfte Residente matgezielt ginn. Säit der Ouverture den 12. Juli vun der Impfméiglechkeet fir Frontalieren, kruten nämlech bis de 27. Juli insgesamt 1.515 Frontalieren hir 1. Impfdosis zu Lëtzebuerg.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 19. bis de 25. Juli ënnersicht goufen, bestätegt eng Stabilisatioun vun de SARS-CoV-2 Wäerter op engem héijen Niveau, wann och manner héich, wéi an der éischter Juli-Hallschent. Eng änlech Tendenz gëtt och an den eenzele Kläranlage festgestallt. Et sief nach ze bemierken, dass déi estiméiert Wäerter am Laf vum Juli deelweis esou erofgaange sinn, dass si bei der Detektiounslimitt louchen. Dëst war zum Beispill zu Schëffleng, Gréiwemaacher, Ëlwen oder Wolz de Fall. Dës Tendenz bestätegt eng signifikant Baisse vun de Wäerter an den analyséierte Kläranlagen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert