COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. August

An der Woch vum 9. bis de 15. August a fir déi 6. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 404 op 295 (-27%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 831 Fäll géintiwwer 1.379 an der Woch virdrun (-40%).

Vun den 295 Neiinfektioune waren 224 Persounen net geimpft (75,9%) an 71 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (24,1%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 66,7% vun de Patienten an der Normalfleeg an 83,3% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 9. bis den 15. August duerchgefouert goufen, ass vu 36.025 op 29.243 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 6 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 5 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 277. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 9. bis de 15. August). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 15. August war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 632 weider erofgaangen (am Verglach zu 783 den 08.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 72.787 op 73.230 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 31,7 Joer op 32,9 Joer geklommen.

An der Woch vum 9. bis den 15. August, gouf et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 14 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 16 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg bleift d'Situatioun mat 6 beluechte Better stabel. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 52 op 60 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 0,80 erofgaangen (0,97 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vun 1,12% op 1,01% erofgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 3,35%, géintiwwer 4,43% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppen erof a läit op 7 Deeg bei 46 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 64 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Dat ass déi 6. Woch hannerteneen, wou den Taux zeréckgaangen ass.

Den Inzidenz-Taux ass an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Kategorie 60-74 Joer. Dee gréisste Réckgang gouf et bei der Alterstranche 0-14 Joer (-30%) a 15-29 Joer (-30%). D'Alterstranche 15-29 Joer huet deen héchsten Inzidenz-Taux, mat 80 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 9. bis de 15. August, waren 886 Persounen an Isolatioun (-15%) a 685 a Quarantän (-13%).

Kontaminatiounen

Fir déi 295 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 28,4% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen a d'Ausland (21,8%) an d'Fräizäitaktivitéiten (7,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 33,7% erofgaangen. Am Verglach zur Woch virdrun ass d'Zuel vu Fäll/Woch bei alle Sourcen erofgaangen, ausser bei de Fräizäitaktivitéiten.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 9. bis de 15. August, goufen am Ganzen 13.578 Dosissen aginn. 3.088 Persoune kruten eng 1. Dosis, 10.410 kruten déi 2. Dosis an 80 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 17. August op 747.315. 381.296 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 9. bis de 15. August ënnersicht goufen, weist eng héich SARS-CoV-2 Prevalenz op nationalem Niveau. Am Verglach mat der Woch virdrun, konnt eng liicht Hausse vum Kontaminatiounsniveau vum SARS-CoV-2 observéiert ginn, vergläichbar mat Ufank Juli. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert