Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer - "mix & match"

Op Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vun haut decidéiert, seng Impfstrategie z'adaptéieren, fir eng heterologesch Impfung z'erméiglechen (och als "mix and match" bezeechent). D'Resultater vu verschidde Studien u Persounen, déi mat verschiddenen Impfstoffer geimpft goufen, sinn effektiv villverspriechend, och wa bis elo keng zolitt Donnéeën iwwert d'Immunreaktioun bei gemëschten Impfunge verfügbar sinn, soudass déi europäesch Medikamentenagence (EMA) ee formellen Avis zu dësem Sujet kéint huelen.

Ab e Freideg, 9. Juli 2021, kréie Persounen ënnert 55 Joer ouni Vulnerabilitéit, déi schonn eng 1. Dosis vum Vaxzevria-Impfstoff (virdrun AstraZeneca) kritt hunn, eng 2. Dosis vun engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty de BioNTech/Pfizer oder Spikevax, virdru Moderna).).

Et sief dorop higewisen, dass et nach ëmmer méiglech ass eng 2. Dosis vum Vaxzevria-Impfstoff ze kréien.

Weiderhi kréien, och op Recommandatioun vum CSMI, Persounen iwwert 55 Joer a Persounen iwwert 30 Joer, déi de Kategorien 2b, 3b, 4b oder 5b vun der Impfstrategie ugehéieren, an déi eng éischt Impfung mat Vaxzevria kruten, de selwechten Impfstoff an engem Ofstand vun 12 Wochen aginn.

Bei Persounen, déi no enger éischter Dosis Vaxzevria ee schwéiere Syndrom vun Thromboembolie mat Thrombozytopenie haten, a Persoune mat enger Virgeschicht vun heparin-induzéierter Thromboemolie, bei deenen eng zweet Dosis vum selwechten Impfstoff kontraindizéiert ass, kann d'Impfung mat enger zweeter Dosis vu Comirnaty oder Spikevax ergänzt ginn.

Drëtt Dosis vum COVID-19 Impfstoff fir immunogeschwächte Persounen

De Regierungsrot schléisst sech och der Recommandatioun vum CSMI un, wat déi 3. COVID-19-Impfung fir immunogeschwächte Persounen ubelaangt, a besonnesch fir Patiente mat Transplantatiounen.

Wéi den CSMI ugëtt, ginn 2 Dosisse vum COVID-19-Impfstoff bei Persoune mat enger geschwächter Immunitéit méiglecherweis net duer, fir ee séchere Schutz ze garantéieren.

Patiente vun Organ- oder hämatopoetesche Stammzellentransplantatiounen, souwéi Patienten, déi sech enger lymphopenescher Chimiotherapie oder enger immunsuppressiver Therapie ënnerzéien, kréien dofir eng 3. Dosis vun engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty ou Spikevax), no engem Schema vun 0, 4 an 12 Wochen (fir déi éischt, zweet an drëtt Dosis). Déi 3. Dosis kann och no der 12. Woch agi ginn, falls eng Impfung misst nogeholl ginn.

 Lëtzebuerg schenkt der verstäerkter Iwwerwaachung vun der Sécherheet a Wierksamkeet vun de COVID-19-Impfstoffer iwwert den nationale Meldesystem eng besonnesch Opmierksamkeet. Och ginn all d'Moyenen an d'Weeër geleet, fir dass d'Impfcampagne esou sécher an effikass wéi méiglech ass, a gläichzäiteg eng breet Impfung vun der Bevëlkerung erméiglecht gëtt.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert