-
Start vun der Aktioun "#Lëtzebuergtestsech": Geimpft oder net, de COVID-19-Test bleift noutwendeg
Fir d'Entwécklung vun den Neiinfektiounen am Land besser evaluéieren ze kënnen, organiséiert d'Lëtzebuerger Regierung vum 13. bis den 19. Dezember d'Aktioun #Lëtzebuergtestsech.
-
Impfung géint COVID-19 vu vulnerabele Kanner ab dem 14. Dezember
Wéi am Regierungsrot vum 10. Dezember decidéiert, an op Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 29. November, kënne vulnerabel Kanner tëschent 5 an 11 Joer, a Kanner am reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen, sech fräiwëlleg impfe loossen.
-
IMPF'O'DAY - "Lët'z talk about vaccination": Konferenz-Debat iwwert d'Impfung géint COVID-19 am Athénée
Am Kader vun der Impfwoch organiséiert de Gesondheetsministère de Samschdeg 11. Dezember am Athénée den IMPF'O'DAY.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. November bis de 5. Dezember
An der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.373 op 2.699 geklommen (+14%).
-
Inzidenz-Taux vu positiv geteste Persounen no Impf-Status
Dee fir d'Iwwerwaachung vum COVID-19 zu Lëtzebuerg ageriichte System gëtt kontinuéierlech ugepasst, fir Indicateuren z'erstellen, déi d'Entwécklung vun der Epidemie an Echtzäit reflektéieren.
-
Temporär Reouverture vun engem 4. Impfzenter am Hangar vu Luxembourg Air Rescue (LAR) um Findel
Am Kontext vun enger grousser Impfstoffliwwerung, déi fir d'nächst Woch erwaart gëtt, a fir all de Persounen, déi fir e COVID-19 Impf-Rappel ("Booster" oder "3. Dosis") eligibel sinn, eng weider Impf-Méiglechkeet ze bidden, schafft d'Regierung den Ament un der temporärer Reouverture vun engem 4. Impfzenter.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis den 28. November
An der Woch vum 22. bis den 28. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.897 op 2.373 geklommen (+25%).
-
COVID-19 "Booster"-Impfung: Nei Modalitéiten fir den Impf-Rendez-vous ab dem 1.12.2021
Ab dem 1. Dezember 2021, kann den Impf-Rappel géint COVID-19 ("Booster" oder "3. Dosis") just nach op Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere Victor Hugo, Esch-Belval oder Ettelbréck agi ginn.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
CovidCheck.lu App a Gültegkeet vun der "Booster"-Impfung
Am Apple App Store a Google Play Store ass zurzäit eng nei Versioun vun der Lëtzebuerger CovidCheck.lu App verfügbar. Et ass wichteg drop hinzeweisen, dass de Certificat vum Impf-Rappel hei am Grand-Duché direkt no dësem Rappel gülteg ass.
-
Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus dem Südlechen Afrika mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren, iwwert déi nei zousätzlech sanitär Mesurë fir Deplacementer mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis den 21. November
An der Woch vum 15. bis den 21. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.447 op 1.897 geklommen (+31%)
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. November
An der Woch vum 8. bis de 14. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.211 op 1.444 geklommen (+19%)
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. November
An der Woch vum 1. bis de 7. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.120 op 1.211 liicht geklommen (+8%)
- Éischt Säit
- ...
- 10
- 11
- 12
- 13
- 14
- ...
- Lescht Säit