COVID-19: Delai fir de "Booster" ab haut op 4 Méint reduzéiert an Erëffnung vum neie Pop Up an der Gare Lëtzebuerg

Ab haut ass den Delai fir een Impf-Rappel ("Booster") no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff) op 4 Méint aplaz 6 Méint reduzéiert.

Et sief drun erënnert, dass follgend Delaie fir de "Booster" agehale musse ginn:

  • Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BionTech/Pfizer) oder mat "Mix & Match" (1. Dosis AstraZeneca and 2. Dosis RNA-Impfstoff): 4 Méint no enger kompletter Éischtimpfung ab dem 3. Januar 2022
  • Impfung mat 2 Dosissen (béid Dosissen AstraZeneca): 4 Méint no der kompletter Éischtimpfung
  • Impfung mat 1 Dosis (Johnson&Johnson): Zousaz-Dosis mat engem RNA-Impfstoff 1 Mount no der Johnson & Johnson Impfung

Et sief drop higewisen, dass säit dem 1. Dezember d'Booster-Dosissen an de 5 Impfzentere Victor Hugo (temporär säit dem 3. Januar an d'Luxexpo verluecht), Esch-Belval, Ettelbréck, Findel (LAR) a Kierchbierg (Luxexpo) just op Rendez-vous gemaach kënne ginn. Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem vun de 5 Impfzenteren oder bei hirem Dokter ze huelen.

Et sief och drun erënnert, dass Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen an hir Éischtimpfung am Ausland kruten, ouni Rendez-vous an engem vun den Impfzenteren hir Booster-Impfung kréie kënnen.

D'Lëscht vun den Impfzenteren an Dokteren, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit www.covid19.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Ouverture vum neie Pop Up an der Gare Lëtzebuerg

De Pop Up am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg huet missen den 31. Dezember 2021 seng Dieren zoumaachen, well d'Lokalitéiten hu misse fräi gemaach ginn. Dofir ass dëse Pop Up op d'Gare geplënnert a mécht seng Dieren de 6. Januar nees op.

Gare Lëtzebuerg

An den Hale vun der Gare

L-1616 Luxembourg

Ouni Rendez-vous: Méindeg bis Freideg vun 10:00 bis 16:00 Auer

Fir laang Waardeschlaangen z'evitéieren, gëtt recommandéiert fir op Är Invitatioun vun der Lëtzebuerger Regierung fir d'Booster-Impfung ze waarden. Dës gëtt per Post verschéckt an erkläert am Detail all d'Demarchen déi ee muss huelen.

D'Lëscht vun de Pop Up Statioune gëtt permanent aktualiséiert an ass um Site www.covid19.lu ze fannen.

Aktualiséiert