Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 385 Resultater
  1. Déi europäesch Medikamentenagence (EMA) huet den 18. Mäerz d'Resultater vun den Analyse vum PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), hirem Sécherheetskommitee, presentéiert. Ënnersicht goufen heibäi eng Rei Fäll vu Bluttproblemer, déi no der Impfung mat AstraZeneca (AZ) bei eenzele Persounen opgetruede waren.

  2. An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.194 op 1.249 (+5%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.847 op 3.669 Kontakter geklommen (+34,5%).

  3. Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.

  4. De Gesondheetsministère bestätegt, dass d'Impfunge mat Flaconen aus dem ABV5300-Lous vum COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca, den 8. Mäerz temporär opgehuewen an de 9. Mäerz gestoppt goufen. Dës Entscheedung gouf geholl, nodeems déi éitsräichesch Agence d'Gesondheetsdirektioun iwwer schwéier onerwënschte Virfäll a Kenntnis gesat huet.

  5. An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.315 op 1.194 (-9,1%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.847 Fäll am Verglach zu 3.101 Fäll an der Woch vidrun (-9,2%).

  6. An der Woch vum 22. bis den 28. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.249 op 1.313 (+5,1%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.766 op 3.101 Kontakter geklommen (+13,5%).

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 16
  4. 17
  5. 18
  6. 19
  7. 20
  8. ...
  9. Lescht Säit