Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère dass déi sanitär Mesuren, déi säit dem 29. Januar 2021 gëllen, bis den 31. Mäerz inclus verlängert ginn, an dëst fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.

Jiddwereen dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding een negatiivt Resultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR, TMA oder LAMP Methoden)[1] oder engem Antigen-Schnelltest[2] virleeën, dee maximal 72 Stonne virum Fluch vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner zougeloossen Entitéit ausgestallt ginn ass. D'Testresultat muss an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg oder op Englesch, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, virleien. Vun elo un kënnen des Dokumenter och op Italieenesch, Spuenesch oder Portugisesch sinn.

Ausserdeem, muss jiddwereen dee sech mam Fliger aus Drëttstaaten deplacéiert, dat si Länner déi net Member vun der europäescher Unioun sinn oder net zum Schengeraum gehéieren, en zousätzlechen Antigen-Schnelltest maachen, wann en zu Lëtzebuerg um Flughafen ukënnt. Eng Persoun déi refuséiert en Test ze maachen, muss 14 Deeg a Quarantän bleiwen. Dës Quarantän kann zu all Moment opgehuewe ginn, wann en negatiivt Testresultat virläit.

D'Obligatioune vun den Tester déi fir jiddwereen zoutreffen, deen aus engem Drëttstaat wëll op Lëtzebuerg areesen, kommen zu den temporäre Restriktiounen dobäi, déi scho fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun gëllen. Zur Erënnerung: all d'Staatsbierger aus Drëttstaaten déi aus Drëttstaate kommen, kënnen net méi bis den 31. Mäerz 2021 a Lëtzebuerg areesen, mat Ausnam vu verschidde Kategorië vu fräigestallte Persounen.

D'Detailer zu de Restriktiounen an den verschiddenen Ausnamen, fannt Dir op folgender Internetsäit: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

 

[1] PCR: polymerase chain reaction, TMA: transcription-mediated amplification, LAMP: loop-mediated isothermal amplification.

[2] Entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020)

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert