COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. Mäerz

Upassungen um Iwwerwaachungssystem

Dee fir d'Iwwerwaachung vum COVID-19 zu Lëtzebuerg ageriichte System gëtt kontinuéierlech ugepasst, fir Indicateuren z'erstellen, déi d'Entwécklung vun der Pandemie an Echtzäit reflektéieren.

Dës Upassunge ginn ënnert Berécksiichtegung vun de Moossname fir d'Andämmung vun der Pandemie, de neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwert de Virus an den internationalen epidemiologesche Standarde gemaach.

Dowéinst gëtt ab dem Mëttwoch, 24. Mäerz, an den Dages- a Wocherapporten eng Upassung iwwert d'Unzuel vun den duerchgefouerten Tester agefouert. Nom verstäerkten Asaz vun Antigen-Schnelltester (rapid antigen tests - RAT) am Kampf géint de Coronavirus zu Lëtzebuerg, gouf decidéiert, d'RAT separat z'erfaassen, fir se an de Statistike besser ervirzehiewen.

Antigentester ginn dowéinst getrennt vun de PCR-Tester opgelëscht an déi gemellten Neiinfektioune bezéie sech nëmmen op d'Persounen, déi duerch ee PCR-Test nogewise (am Labo bestätegt) goufen. Opgrond vun dësen Upassunge ass eng Differenz vu ca. 6.000 duerchgefouerte PCR-Tester an 100 Neiinfektiounen an den publizéierten Zuelen (cf. Wëchentleche Rapport).

Aktuell Lag

An der Woch vum 15. bis den 21. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.240 op 1.564 (+25%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 3.669 op 3.846 Kontakter geklommen (+4,8%).

Vu 97 Persoune mat engem positiven Antigentest haten der och 41 ee positive PCR-Test.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 15. bis den 21. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vun 62.517 op 63.501 geklommen.

Den 21. Mäerz goufen et insgesamt 3.069 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.796 de 14.03), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 54.438 op 55.709 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass liicht op 37,4 Joer geklommen.

D'Zuel vun de neien Doudesfäll bleift mat 28 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19 d'selwecht. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 81 Joer.

An de Spideeler ass eng liicht Steigerung festzestellen, mat 99 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg am Verglach zu 95 an der viregter Woch an ee liichte Réckgang op der Intensivfleeg mat 21 Hospitalisatioune, géintiwwer 27 an der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 10.261 Mol besicht, dovu 722 Visitten an der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, wat eng Hausse am Verglach zur viregter Woch ass (583).

Et sief unzemierken, dass d'COVID-Consultatiounszenteren ab Freideg, dem 26. Mäerz, sou wéi um Ouschterméindeg, tëschent 9 a 15 Auer op sinn. D'CCC bleiwen um Ouschtersonndeg allerdéngs zou.

D'CCC empfänken nëmme symptomatesch Persounen, dat heescht Persounen déi Symptomer vun enger COVID-19-Infektioun opweisen oder Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen. Kanner déi méi jonk si wéi 6, kënnen net an engem CCC versuergt ginn. Si mussen vun hirem pediatreschen Dokter oder Generalist oder bei enger Urgence, an enger Klinik, spezifesch der Kannerklinik vum CHL, versuergt ginn.

Se fungéiere weder als een Test-Zenter, nach sinn se fir den Traitement vu Persoune mat seriöe Gesondheetsproblemer (staarken Houscht, Otemproblemer, Malaisen, Péng an der Broscht, Zyanosen) ekippéiert. Dës Persounen si gebieden, sech un d'Urgencë vun de Klinicken ze wenden.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,13, géintiwwer 1,05 an der viregter Woch, liicht geklommen, genau wéi de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 2,46% géintiwwer 1,98% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, eropgaangen ass, mat 5,89% géintiwwer 5,11% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 250 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 8. Mäerz den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 198 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen. Am Verglach zu der viregter Woch, gouf et déi héchste Steigerung bei der Alterstranche vu 75+ Joer (+46%), gefollegt vun der Alterstranche vun 30-44 Joer (+32%). D'Alterstranche vu 60-74 Joer weist weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux op mat 149 Fäll pro 100.000 Awunner, woubäi an deenen aneren Alterstranchen den Inzidenz-Taux tëschent 254 an 285 Fäll pro 100.000 Awunner läit. ​

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 15. bis den 21. Mäerz, waren 2.745 Persounen an Isolatioun (+5,8%) a 4.699 a Quarantän (+26% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.564 nei Fäll, bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 43,1% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (7,8%), d'Educatioun (6,5%), de Fleegesecteur (4,0%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,4%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift stabil bei 30,2%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 15. bis de 21. Mäerz, goufen am Ganzen 15.201 Dosissen aginn. 12.902 Persoune kruten eng 1. Dosis an 2.299 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Mäerz 2021 erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, dass bis Enn Abrëll 2021 eng 123.829 Persoune geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Donieft sief unzemierken, dass ab Méindeg, dem 29. Mäerz 2021, d'Ëffnungszäite vun den Impfzentere verlängert ginn. Se wäerte vu Méindeg bis Samschdeg vu 7 bis 19 Auer op sinn.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 20,8%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi representativ Stéchprouf vun 260 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 10/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 63,5% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 20,4% vun de Fäll.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 15. bis de 21. Mäerz weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. An de leschten zwou Woche schéngt sech d'Situatioun allerdéngs stabiliséiert ze hunn. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert