COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. Mäerz

An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.315 op 1.194 (-9,1%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.847 Fäll am Verglach zu 3.101 Fäll an der Woch vidrun (-9,2%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vu 64.376 op 61.564 erofgaangen.

De 7. Mäerz, goufen et insgesamt 2.783 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.908 den 28.02), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 51.934 op 53.229 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass op 39,3 Joer geklommen.

An där betruechter Woch gouf et och 24 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 12 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer.

An de Spideeler ass eng kloer Steigerung festzestellen, mat 86 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 21 an der Intensivfleeg an der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, géintiwwer 68, respektiv 18 an der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 8.956 Mol besicht, dovu 457 Visitten an der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, wat eng liicht Hausse am Verglach zur viregter Woch ass (401).

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 0,96% op 1,00% liicht eropgaangen, wärend de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) mat 1,94% par rapport zu 2,04% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt) liicht erofgaangen ass. Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, och erofgaangen ass, mat 5,03% géintiwwer 5,42% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 191 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 22. Februar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 210 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch, gouf et déi héchste Steigerung bei der Alterstranche vu 75 Joer oder méi (+46%). Dës Hausse ass op e grousse Cluster an engem Altersheem zeréckzeféieren. Den Inzidenz-Taux ass an der Alterstranche vu 60-74 Joer stabel bliwwen, wärend en an all deenen aneren Alterstranchë weider erofgaangen ass (-10% bis -20%). D'Alterstranche vu 75 Joer huet elo deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche vu 60-74 Joer weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux opweist.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, waren 2.703 Persounen an Isolatioun (+2%) an 3.089 a Quarantän (-3% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.194 nei Fäll, bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 42,4% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen de Fleegesecteur (6,4%), d'Aarbecht (4,3%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,1%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 37,4% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, goufen am Ganzen 8.918 Dosissen aginn. 5.493 Persoune kruten hir 1. Dosis an 3.425 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn März 2021 erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, dass bis Enn Mäerz 2021 eng 75.287 Persoune geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 22. bis den 28. Februar, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 27%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi representativ Stéchprouf vun 337 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 8/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 65% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 16% vun de Fäll,
  • et gouf een neie Fall vun der brasilianescher Variant (P.1 oder P.2) detektéiert.

All dës Informatiounen sinn am Rapport ReViLux op Respiratory Viruses Surveillance - Revilux - LNS ze fannen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no ënnen war och an der Woch 9 ze bemierken. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert