COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Mäerz

An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.194 op 1.249 (+5%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.847 op 3.669 Kontakter geklommen (+34,5%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz duerchgefouert goufen, ass vun 61.564 op 63.675 geklommen.

De 14. Mäerz, goufen et insgesamt 2.752 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.860 de 07.03), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 53.152 op 54.481 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 37 Joer erofgaangen.

An där betruechter Woch gouf et och 28 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 24 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer.

An de Spideeler ass eng kloer Steigerung festzestellen, mat 95 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 27 an der Intensivfleeg an der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, géintiwwer 86, respektiv 21 an der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 9.539 Mol besicht, dovu 583 Visitten an der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, wat eng Hausse am Verglach zur viregter Woch ass (457).

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) bei 1,03, géintiwwer 1,00 an der viregter Woch, stabel bliwwen, genau wéi de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), mat 1,96% par rapport zu 1,94% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, erofgaangen ass, mat 4,91% géintiwwer 5,03% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 200 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 1. Mäerz den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 191 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch, gouf et déi héchste Steigerung bei der Alterstranche vun 0-14 Joer (+24%), gefollegt vun der Alterstranche vun 30-44 Joer (+16%). Den Inzidenz-Taux ass an der Alterstranche vu 75 Joer oder méi erofgaangen (-25%), wärend en an all deenen aneren Alterstranchë stabel bliwwen ass. D'Alterstranchë vun 0-14 a vu 15-30 Joer hunn elo deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche vu 60-74 Joer weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux opweist.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, waren 2.594 Persounen an Isolatioun (-6%) an 3.725 a Quarantän (+21% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.249 nei Fäll, bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 44,3% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (6,2%), d'Educatioun (6,0%), de Fleegesecteur (4,5%) an d'Fräizäitaktivitéiten (3,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 30,1%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, goufen am Ganzen 12.341 Dosissen aginn. 10.892 Persoune kruten eng 1. Dosis an 1.449 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Mäerz 2021 erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, dass bis Enn Abrëll 2021 eng 123.379 Persoune geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 23,1%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi representativ Stéchprouf vu 411 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 9/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 62,7% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 18,5% vun de Fäll,
  • et gouf een neie Fall vun der brasilianescher Variant (P.1) detektéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no ënnen war awer och an der Woch 10 ze bemierken. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert