COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. Februar

An der Woch vum 22. bis den 28. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.249 op 1.313 (+5,1%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.766 op 3.101 Kontakter geklommen (+13,5%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 22. bis de 28. Februar duerchgefouert goufen, ass vun 60.716 op 64.276 geklommen.

Den 28. Februar goufen et insgesamt 2.822 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.697 de 21.02), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 50.842 op 52.019 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 36,8 Joer erofgaangen.

An där betruechter Woch gouf et och 12 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 16 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 82 Joer.

An de Spideeler ass eng liicht Steigerung festzestellen, mat 68 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 18 an der Intensivfleeg an der Woch vum 22. bis den 28. Februar, géintiwwer 59, respektiv 15 an der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 8.499 Mol besicht, dovu 401 Visitten an der Woch vum 22. bis de 28. Februar, wat e bësse manner Visitten ewéi an der Woch virdrun (430) sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 1,04 op 0,95 liicht erofgaangen, wärend de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) bei 2,04% par rapport zu 2,06% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt) relativ stabel bliwwen ass. Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, och erofgaangen ass, mat 5,43% géintiwwer 5,87% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 210 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 22. Februar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 200 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch gouf et déi héchsten Haussë bei den Altersgruppe vu 0-14 a vun 15-29 Joer (+32% resp. +12%), wärend bei der Altersgrupp vun 30-44 Joer d'Zuelen méi staark erofgaange sinn (-10%). D'Alterstranche vu 15-29 Joer huet elo deen héchsten Inzidenz-Taux, wärend d'Alterstranche 60-74 Joer weiderhin deen niddregsten Inzidenz-Taux opweist.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 22. bis den 28. Februar waren 2.649 Persounen an Isolatioun (+5%) an 2.991 a Quarantän (+9% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.313 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 48,4% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen de Fleegesecteur (4,9%), d'Fräizäitaktivitéiten (4,8%) an d'Aarbecht (3,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 33,1%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 22. bis den 28. Februar goufen am Ganze 6.812 Dosissen aginn. 3.837 Persoune kruten eng 1. Dosis an 2.975 kruten déi 2. Dosis.

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn März 2021 erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

Aktuell ass also virgesinn, dass bis Enn Mäerz 2021 eng 75.287 Persoune geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 15. bis den 21. Februar louch de Sequenzéierungtaux bei 6,57%. Dës Zuel läit ënnert den estiméierten 11%, déi néideg sinn fir eng representativ Stéchprouf vun der Gesamtbevölkerung duerchzeféieren. Statistesch gesinn ass d'Frequenz vun den Varianten fir d'Woch 7/2021 deemno net representativ fir déi aktuell Varianten déi zu Lëtzebuerg am Ëmlaf sinn.

All dës Informatiounen sinn am Rapport ReViLux op Respiratory Viruses Surveillance - Revilux - LNS ze fannen.

Fir déi net representativ Stéchprouf vun 82 Tester, déi fir d'Woch vum 15. bis den 22. Februar duerchgefouert gouf, konnt folgende Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 52% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 22,7% vun de Fäll,
  • keen neie Fall vun der brasilianescher Variant (P.1 oder P.2) gouf detektéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 22. bis den 28. Februar eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Wéi an den zwou leschte Woch, ass nees eng liicht Tendenz no uewen ze bemierken.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert