Start vun der Phas 5a vun der COVID-19-Impfcampagne mam AstraZeneca Impfstoff

Déi éischt Invitatioune sinn u Persounen iwwert 65 Joer geschéckt ginn, ugefaange bei deenen eelsten, entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 4. Februar 2021 zu den Impfbedéngunge vum AstraZeneca Impfstoff.

Als Rappell: a sengem Avis vum 4. Februar, hat de Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) zeréckbehalen, dass d'Effikassitéit vum AstraZeneca Impfstoff bei Persounen iwwert engem bestëmmten Alter nach net vollstänneg erfuerscht wier, och wann den Impfstoff, onofhängeg vum Alter, géint schwéier Formen (Hospitalisatioun) an Doudesfäll eng excellent Effikassitéit géif opweisen. Den CSMI hat dofir deen Ament zeréckbehalen, dass am aktuelle Kontext, wou nach aner Impfstoffer disponibel sinn, fir déi méi Daten iwwert d'Effikassitéit bei eeleren oder besonnesch vulnerabele Persoune disponibel sinn, sollte Persoune vu 65 Joer oder méi prioritär mat den mRNA-Impfstoffer vu BioNTech/Pfizer a Modena geimpft ginn, wougéint den AstraZeneca Impfstoff éischter bei méi jonke Persounen an den Asaz komme sollt.

Do dernieft huet de Gesondheetsministère haut beim CSMI en Avis zum AstraZeneca® Impfstoff am Kampf géint de COVID-19 ugefrot, dëst wéinst den aktuellen Diskussioune vun der "Ständige Impfkommission in Deutschland" (STIKO), esou wéi vun der "Haute autorité de santé" (HAS) wat d'Altersgrenz beim AstraZeneca® Impfstoff betrëfft.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert