Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 385 Resultater
  1. De Mount Mäerz, och nach de "bloe Mäerz" genannt, steet am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs All Joers ginn an Europa ongeféier 220.000 Persounen diagnostizéiert, eng Zuel, déi ëmmer weider zouhëlt. Zu Lëtzebuerg ass Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs, mee wann en awer fréi erkannt gëtt, ass en an 9 vun 10 Fäll heelbar. Dohier spillt den Depistage eng wichteg Roll.

  2. Den 29. Februar ass de 17. Internationalen Dag vun de rare Krankheeten (Rare Disease Day). En Dag, deen der Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet iwwer rar Krankheeten an hiren Impakt op d'Liewe vun de Betraffene gëllt.

  3. "Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit