Bloe Mäerz: e Mount am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs

De Mount Mäerz, och nach de "bloe Mäerz" genannt, steet am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs All Joers ginn an Europa ongeféier 220.000 Persounen diagnostizéiert, eng Zuel, déi ëmmer weider zouhëlt. Zu Lëtzebuerg ass Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs, mee wann en awer fréi erkannt gëtt, ass en an 9 vun 10 Fäll heelbar. Dohier spillt den Depistage eng wichteg Roll.

De Participatiounstaux um nationalen Daarmkriibs-Fréierkennungsprogramm verbessere fir d'Krankheet besser ze bekämpfen

Zu Lëtzebuerg gëtt et säit dräi Joer en nationalen Daarmkriibs-Fréierkennungsprogramm (PDOCCR), dee vum Koordinatiounszentrum fir Kriibsfréierkennungsprogrammer vun der Gesondheetsdirektioun geréiert gëtt.

Säitdeem goufen ongeféier 200.000 Invitatioune verschéckt. D'Participatioun un dësem organiséierte Screening ass nach zimmlech geréng (zur Zäit gi ronn 34% vun den Tester no enger Invitatioun duerchgefouert), mee hëlt säit dem Lancement vum Programm kontinuéierlech zou. De Screening ass e wichtegt Instrument am Kampf géint dës Krankheet. Well Daarmkriibs entwéckelt sech relativ lues aus Verletzungen, sougenannte Polyppen, déi am Daarm bludde kënnen, ouni Péng oder Verdauungsstéierungen ze verursaachen. D'Bluddung am Zesummenhang mat engem Polyp oder Kriibs, ass net mat bloussem A ze gesinn. Dohier ass den Test esou wichteg, well dës Bluddungen domadder erkannt ginn.

Wéi funktionéiert den nationale Fréierkennungsprogramm?

Persounen tëscht 55 a 74 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen a bei der nationaler Gesondheetskeess (CNS) affiliéiert sinn, kréien all 2 Joer eng Invitatioun fir un dësem Screening-Programm deelzehuelen. Persounen an dëser Alterstranche, déi net zu Lëtzebuerg wunnen a bei der CNS affiliéiert sinn, kënnen och un dësem Programm deelhuelen, an deem si sech per Telefon um 247-75550 oder per Mail u colorectal@ms.etat.lu beim Koordinatiounszentrum fir Kriibsfréierkennungsprogrammer mellen.

De Screening besteet aus engem Test, bei deem de Stull op Bluttréckstänn ënnersicht gëtt. Den Test ass einfach a kann doheem gemaach ginn. Persounen, déi eng Invitatioun kritt hunn, kënnen e Screeningtest gratis bei engem zougeloossene Laboratoire bestellen. D'Resultat vum Test kritt een direkt vum Laboratoire zougeschéckt.

Am Fall vun engem positive Resultat, sollt ee sech u säin Dokter riichten, fir mat him iwwer d'Noutwennegkeet vun enger Koloskopie ze diskutéieren. D'Lëscht vun den Zentren an Dokteren, déi vun der Gesondheetsdirektioun zougelooss si fir Koloskopien am Kader vum PDOCCR duerchzeféieren, fënnt een um Site sante.lu/colorectal.

Geplangten Aktioune vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet am Kader vum Bloe Mäerz

Am Kader vum Bloe Mäerz huet de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet eng Kommunikatiounscampagne lancéiert, fir déi concernéiert Persounen dozou ze motivéieren um Programm deelzehuelen: an den Apdikten an a Praxisse vun den Doktere gi Sensibiliséierungsaffichen opgehaangen; an de soziale Medie ginn Informatiounsvideoe verëffentlecht; op Mäert fannen Treffe statt, fir deene concernéierte Leit méi Informatiounen ze ginn.

Weider Informatioune fannt Dir ënnert: sante.lu/colorectal

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet 

Aktualiséiert