Réckbléck op déi 3. Woch vum 15. bis den 21. Januar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 15. bis den 21. Januar 2024 (Woch 3), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 150 erof, par Rapport zu 196 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 23% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 7% am Verglach zu 10% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of [1].

Dës Indicateuren deiten op eng Baisse vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung an de Wochen 52/2023-02/2024 weisen eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (85,1%) (95% CI: 78,3-91,8%) an dono vun der Variant BA.2.86 (11,2%) (95% CI: 5,9-18,8%) [2]. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1 vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, mat enger zousätzlecher Mutatioun un der Spikeprotein.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 15. bis den 21. Januar 2024 (Woch 3), klëmmt d'Unzuel vun den Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 703 Fäll par Rapport zu 441 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 59% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus, vum Rhinovirus a vum SARS-CoV-2-Virus hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 15. bis den 21. Januar 2024 (Woch 3), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 15 Fäll erof, am Verglach zu 29 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 48% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/
[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert