Réckbléck op d'Woch 8 vum 19. bis de 25. Februar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklung vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Stabiliséierung vun de Fäll vun RSV-Virus op engem déiwen Niveau.

Influenza: Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 19. bis de 25. Februar 2024 (Woch 8), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 41 erof, par rapport zu 56 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 27% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 2,6% am Verglach zu 3,3% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser ass änlech wéi an der viregter Woch [1].

Dës Indicateuren deiten op eng Baisse vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (86,7%) a vun der Variant BA.2.86 (11,1%) gewisen. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1, déi vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, säit der Woch 47 vum Joer 2023 dominéiert. [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 19. bis de 25. Februar 2024 (Woch 8), geet d'Zuel vun de Grippefäll (Influenza), déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, vu 455 op 312 erof, wat e Réckgang vun 31% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 19. bis de 25. Februar (Woch 8), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 11 Fäll erof, am Verglach zu 12 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 8% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis de 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert