-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Januar
An der Woch vum 18. bis 24. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 859 op 843 (-2%) liicht erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.760 Fäll, am Verglach zu 3.024 (-9%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau an der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum Virus SARS-CoV-2, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei sanitär Mesurë fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
Nächst Phas an der Ëmsetzung vun der COVID-19-Impfcampagne zu Lëtzebuerg (Phas 2)
De Regierungsrot huet haut, op Basis vum Avis vum 21. Januar vun der nationaler Ethikkommissioun (C.N.E.), déi nächst Phas vun der Impfcampagne festgehalen.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 18:30 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Januar
An der Woch vum 11. bis 17. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.036 op 859 (-17%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.024 Fäll, am Verglach zu 3.496 (-14%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Verlaf vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg
De Stock u COVID-19-Impfdosisse gëtt no a no méi grouss.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Januar
An der Woch vum 4. bis den 10. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.135 op 1.036 (-9%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.496 Fäll am Verglach zu 2.106 (+66%) Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass.
-
Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 an de Spideeler
No der Liwwerung vu 4.875 neien Dosisse vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff den 11. Januar, hunn déi véier Spideeler CHdN, CHEM, CHL an HRS, sou wéi den CHNP mat der Impfung vum Gesondheets- a Fleegepersonal, sou wéi dem Rescht vum Personal an de Sous-traitantë bannent de Strukturen, ugefaangen.
-
Lëtzebuerg: Éischten EU-Memberstaat deen de Moderna-Impfstoff kritt
Lëtzebuerg ass den éischten EU-Memberstaat, deen de Coronavirus-Impfstoff vum US-Labo Moderna kritt huet. No der Maartzouloossung duerch déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) an dem Accord vun der Europäescher Kommissioun de 6. Januar, goufen de Moien 1.200 Dosisse vum Moderna-Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Dezember bis den 3. Januar
An der Woch vum 28. Dezember bis 3. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.267 op 1.135 (-11%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.106 Fäll, am Verglach zu 3.207 (-34%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 a Fleegeheemer
Entspriechend der Lëtzebuerger Impfstrategie, goufen de 6. Januar 2021 déi éischt Bewunner an Altersheemer géint de COVID-19 geimpft.
-
Pressebriefing iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Dezember
An der Woch vum 21. bis 27. Dezember, d'Chrëschtdeeg mat abegraff, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 2.681 op 1.267 (-53%) staark erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.207 Fäll, am Verglach zu 8.620 (-63%) Fäll an der Woch virdrun.
-
Levée vun der temporärer Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich
Déi temporär Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich, gëtt ab dësem Mëttwoch, 23. Dezember 2020, um Mëtternuecht opgehuewen.
- Éischt Säit
- ...
- 18
- 19
- 20
- 21
- 22
- ...
- Lescht Säit