Lëtzebuerg: Éischten EU-Memberstaat deen de Moderna-Impfstoff kritt

Lëtzebuerg ass den éischten EU-Memberstaat, deen de Coronavirus-Impfstoff vum US-Labo Moderna kritt huet. No der Maartzouloossung duerch déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) an dem Accord vun der Europäescher Kommissioun de 6. Januar, goufen de Moien 1.200 Dosisse vum Moderna-Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert.

  1. ©SIP / Luc Deflorenne

    Illustration

    Illustration

  2. ©SIP / Luc Deflorenne

    Doses du vaccin Moderna

    Doses du vaccin Moderna

  3. ©SIP / Luc Deflorenne

    Doses du vaccin Moderna

    Doses du vaccin Moderna

  4. ©SIP / Luc Deflorenne

    Illustration

    Illustration

  5. ©SIP / Luc Deflorenne

    Illustration

    Illustration

Lëtzebuerg huet elo also zwee sécher a wierksam Impfstoffer géint de SARS-CoV-2.

D'Formel vu Moderna huet de Virdeel, datt se bei -20°C stockéiert ka ginn, an net bei -70°C wéi den Impfstoff vu Pfizer. Déi zwee Impfstoffer hu laut hire Laboen een änleche Wierksamkeetstaux vu 95% resp. 94,1% fir Pfizer/BioNTech a Moderna, déi béid op enger duebeler Dosis baséieren.

De Grand-Duché huet bis elo 110.462 Dosisse vum Impfstoff vu Moderna a 414.210 Dosisse vu Pfizer/BioNTech reservéiert.

Et sief ugemierkt, datt eng weider Liwwerung vu 4.875 Dosisse vum Impfstoff Pfizer/BioNTech och wéi geplangt den 11. Januar 2021 am Grand-Duché ukomm ass.

Wéi funktionéiert de COVID-19-Impfstoff vu Moderna? (Quell: EMA)

De COVID-19-Impfstoff vu Moderna ass een Impfstoff fir d'Preventioun vun der Coronavirus-Krankheet 2019 bei Persounen ab 18 Joer. E wierkt andeems en de Kierper dorop virbereet, sech géint de COVID-19 ze verdeedegen. En enthält e Moleküll, mRNA genannt, deen d'Instruktioune fir d'Produktioun vum Spike-Protein enthält. Et handelt sech dobäi ëm e Protein op der Uewerfläch vum SARS-CoV-2-Virus, deen de Virus brauch fir an d'Kierperzellen anzedréngen.

Wann eng Persoun den Impfstoff kritt, liesen e puer vun hiren Zellen déi mRNA-Instruktiounen a produzéieren temporär de Spike-Protein. Den Immunsystem vun der Persoun erkennt dann dëse Protein als Friemkierper a produzéiert Antikierper an aktivéiert T-Zellen (wäiss Bluttkierpercher), fir en unzegräifen.

Wann d'Persoun zu engem spéideren Zäitpunkt mam SARS-CoV-2 a Kontakt kënnt, erkennt hiren Immunsystem dësen an ass bereet, de Kierper dogéint ze verdeedegen.

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert