Verlaf vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg

De Stock u COVID-19-Impfdosisse gëtt no a no méi grouss. Mam Antreffe vun den éischten Dosisse vum Moderna-Impfstoff, zousätzlech zu de scho geliwwerten Impfstoffdosisse vu Pfizer/BionTech, der Bestellung vun 300 Milliounen zousätzlechen Dosissen, déi d'europäesch Kommissioun erfollegräich mat Pfizer ausgehandelt huet, an d'Aussiicht op eng méiglech Maartzouloossung vum Impfstoff vun AstraZeneca bis Enn vum Mount, geet d'Impfcampagne zu Lëtzebuerg gutt virun.

Déi verschidde Komponente vun der Impfstrategie gi vum Gesondheetsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet, iwwert eng Aarbechtsgrupp, déi sech ëm d'Impfstrategie an hir verschidden Achse këmmert, enk a kontinuéierlech begleet. ​

D'Versuergung steet am Mëttelpunkt vun de Beméiunge vun dësem Aarbechtsgrupp, dee mam Pilot-Comité "COVID Impfstoffer" vun der europäescher Unioun an den Impfstoffpoduzenten zesummeschafft.

D'Tabellen hei drënner ginn d'Allokatiounen an Dosissen erëm, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass (Tabell 1), esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Mäerz erwaarten Allokatiounen (Tabell 2).

Et sief ze bemierken, dass déi an der Tabell 1 presentéiert Allokatiounen nëmmen theoretesch sinn. Déi definitiv Allokatioune gi vun de Produzenten zum Zäitpunkt vun der bedéngter Zouloossung duerch déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) annoncéiert, baséierend op den zu deem Zäitpunkt disponibele Liwwer- a Produktiounskapazitéiten.

D'Allokatiounen an der Tabell 2 gi vu Woch zu Woch, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent ugepasst.

 

Tabell 1: Theoretesch Allokatioune vun Impfstoffdosissen, déi fir Lëtzebuerg geplangt sinn, op Basis vun de vun der europäescher Kommissioun ofgeschlossene Verträg

Impfstoff

Gesamt Unzuel u Persounen

Insgesamt zougedeelten Dosissen

AstraZeneca

207.524

415.048

Janssen (Johnson&Johnson)

276.156

276.156

Pfizer / BioNtech

337.645

675.290

Curevac

164.700

329.399

Moderna

55.231

110.462

Sanofi-GSK*

210.000

420.000

TOTAL

1.251.256

2.226.355

*Vertrag nach net vun der Europäescher Kommissioun ofgeschloss

 

Tabell 2: Scho geliwwert Allokatiounen a Prognose bis Enn Mäerz 2021 (kënne vu Woch zu Woch ugepasst ginn)

Impfstoff

Dosissen 28.12.

20

Dosissen 11.01.

21

Dosissen 18.01.

21

Dosissen 25.01.

21

Dosissen 01.02.

21

Dosissen 08.02.

21

Dosissen 15.02.

21

Dosissen 22.02.

21

Dosissen 01.03.

21

Dosissen 08.03.

21

Dosissen 15.03.

21

Dosissen 22.03.

21

Dosissen 29.03.

21

Insgesamt confirméiert Dosissen

Pfizer / BioNtech Comirnaty

9.750

4.875

4.875

3.900

4.875

4.875

4.875

4.875

5.850

5.850

5.850

7.800

9.750

78.000

Moderna

 

1.200

 

1.200

1.200

 

4.800

 

 

 

 

 

 

8.400

TOTAL**

9.750

6.075

4.875

5.100

6.075

4.875

9.675

4.875

5.850

5.850

5.850

7.800

9.750

86.400

**dës Zuel entsprécht der Unzuel un Impfstoffdosissen. D'Unzuel u Persounen, déi mat dësen Dosisse geimpft kënne ginn, entsprécht jeeweils der Hallschent vun dësen Zuelen. Am Ganze kënne mat dësen Allokatiounen also 43.200 Persoune geimpft ginn.

 

Ab der Woch vum 18. Januar wäert den ECDC eng Rei un Donnéeën iwwert d'Duerchféierung vun den Impfcampagnen an den EU-Memberstaate publizéieren. Dës Publikatioun wäert ee vergläichenden Iwwerbléck op Basis vu strukturéierten Donnéeën erméiglechen.

 

Communiqué vum Staatsministère, dem Gesondheetsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet

Aktualiséiert