COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Januar

An der Woch vum 11. bis 17. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.036 op 859 (-17%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.024 Fäll, am Verglach zu 3.496 (-14%) Fäll an der Woch virdrun.

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 11. bis de 17. Januar duerchgefouert goufen, bei 51.247 läit, par Rapport zu 63.188 an der Woch virdrun.

De 17. Januar goufen et insgesamt 2.336 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.720 den 10.01), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 44.773 op 45.997 geklommen ass. D'Zuel vun den Doudesaffer am Zesummenhang mat COVID-19 ass vu 26 op 19 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 77 Joer.

D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 38,7 Joer stabel bliwwen.

An de Spideeler huet d'Situatioun sech weider entspaant, mat 69 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 21 an der Intensivfleeg an der Woch vum 11. bis den 17. Januar, géintiwwer 76, respektiv 25 an der viregter Woch.

An deenen zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 6.198 Mol besicht, dovun 266 Visitten an der Woch vum 11. bis 17. Januar, wat bal identesch zu der Zuel u Visitten an der Woch virdrun (269) ass.

Réckgang vum Positivitéitstaux a vum Inzidenz-Taux

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,06% op 0,92% erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) läit bei 1,68%, géintiwwer 1,64% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, bei 5,16% läit, géintiwwer 5,67% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 137 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 4. Januar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 165 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Den Inzidenz-Taux geet weider liicht an allen Alterstranchen erof. D'Alterstranche vu 60-74 Joer bleift mat 86 Fäll op 100.000 Persounen déi mat deem nidderegsten Inzidenz-Taux.

Neien LST-Testzenter zu Miersch ab dem 25. Januar 2021

Fir den Zougank fir d'Notzer ze verbesseren, mëscht d'Large-Scale-Testing-Statioun um Rouscht (N7) ab dem 23. Januar um 13 Auer seng Dieren zou a gëtt duerch eng nei Teststatioun zu Miersch (77, rue d'Arlon) ersat, déi ab dem 25. Januar 2021 um 7 Auer aktiv wäert sinn.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 11. bis den 17. Januar waren 2.052 Persounen an Isolatioun (-10%) an 2.379 a Quarantän (+5% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatiounen

Bei den 859 Neiinfektioune bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 44,2% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen (10,8%).

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass réckgängeg (30,3%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 11. bis den 17. Januar goufen 2.053 Persoune geimpft, an domat läit den Total vun de bis zum 19. Januar geimpfte Persoune bei 5.294.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 11. bis de 17. Januar d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich mee stabel bleiwen, obwuel bei vereenzelten, ënnersichte Kläranlagen ee liicht positiven Trend ze gesi war.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert