Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau an der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum Virus SARS-CoV-2 bei deenen d'Ustiechungsgefor méi héich soll sinn an déi dowéinst d'Populatioun engem gréisseren Infektiounsrisiko aussetzen, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei sanitär Mesuren, déi vum 29. Januar 2021 bis den 28. Februar 2021 gëllen, an dat fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.

Jiddwereen dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektonesch) vun engem RT-PCR-Test op SARS-CoV-2 oder engem Antigen-Schnelltest virleeën, deen net méi al ass wéi 72 Stonnen. D'Testresulat muss an enger vun den admistrative Sprooche vu Lëtzebuerg oder op Englesch, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, virleien. Et sinn also all Departe Richtung Lëtzebuerg betraff, och déi aus Memberstaate vun der europäescher Unioun an dem Schengeraum.

Ausserdeem, muss jiddwereen dee sech mam Fliger aus Drëttstaaten deplacéiert, dat si Länner déi net Member vun der europäescher Unioun sinn oder net zum Schengeraum gehéieren, en zousätzlechen Antigen-Schnelltest maachen, wann en zu Lëtzebuerg um Flughafen ukënnt. Eng Persoun déi refuséiert en Test ze maachen, muss 14 Deeg a Quarantän bleiwen. Dës Quarantän kann zu all Moment opgehuewe ginn, wann en negatiivt Testresultat virläit.

D'Obligatioun en negativen Test virzweise wann een an de Fliger klëmmt an en zousätzlechen Test ze maache wann een ukënnt, zielt och fir Leit déi an engem vun deene Länner wunnen, déi op der Lëscht vun den Drëttstaate stinn, a wou d'Awunner aktuell däerfen op nationalen Terrain areesen, net essentiell Deplacementer mat abegraff, an déi do sinn: Australien, Südkorea, Japan, Neiséiland, Ruanda, Singapur an Thailand.

Dës Obligatioune gëllen net fir:

  • Déi Leit déi am Service vum Transportsecteur schaffen a Passagéier déi just am Transit um Flughafe sinn;
  • Déi Leit déi en Aller-Retour mam Fliger maachen, vu manner ewéi 72 Stonnen, vum Grand-Duché aus an en anert Land wat am Schengenraum läit oder Member vun der europäescher Unioun ass, an ënner der Konditioun, dass se de Schengenraum oder den Terrain vun de Memberstaate vun der EU an der Period net verlooss hunn;
  • D'Membere vum diplomatesche Korps, Personal vun internationalen Organisatiounen an Invitéeë vun internationalen Organisatiounen deenen hir Presenz fir de Fonctionnement vun den Organisatiounen néideg ass, Militärpersonal, Personal aus de Beräicher Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef, Personal aus dem Zivilschutz am Kader vun der Ausübung vun hire jeeweilege Funktiounen, ënnert der Konditioun, dass hiren Openthalt zu Lëtzebuerg net méi wéi 72 Stonnen dauert;
  • Déi Leit, déi eng Infektioun mat SARS-CoV-2 an deene leschten 3 Méint virun hirem Deplacement haten an déi hir Isolatiounsperiod an dem respektive Land op en Enn bruecht hunn a keng Symptomer vun der Infektioun méi opweisen. Dës Persoune kënnen e Certificat vum Dokter virweisen, deen dës Fakte bestätegt, an deen hinnen domat erlaabt an de Fliger fir op Lëtzebuerg ze klammen ouni e weideren Test mussen ze maachen.

D'Obligatioune vun den Tester déi fir jiddwereen zoutreffen, deen aus engem Drëttstaat wëll op Lëtzebuerg areesen, kommen zu den temporäre Restriktiounen dobäi, déi scho fir net essentiell Reesen an d'EU gëllen. Zur Erënnerung, all d'Staatsbierger aus Drëttstaaten déi aus Drëttstaate kommen, kënnen net méi bis den 31. Mäerz 2021 a Lëtzebuerg areesen, mat Ausnam vu verschidde Kategorië vu fräigestallte Persounen. D'Detailer zu de Restriktioune fann Dir op folgender Internetsäit: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

Communiqué vum Gesondheetsministère/ Aussen- an Europaministère

 

Aktualiséiert