Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 382 Resultater
  1. An der Woch vum 26.Oktober bis den 1. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.701 Fäll am Verglach zu 3.388 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+39%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass och weider geklommen a läit elo bei 12.562 (+26%).

  2. An der Woch vum 19. bis 25. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.387 Fäll am Verglach zu 1.280 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+265%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 9.980 Kontakter am Verglach zu 7.878 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+27%).

  3. A sengem Réckbléck op d'Woch vum 5. bis 11. Oktober, huet de Gesondheetsministère vermierkt, dass 12% vun all de positiven Infektiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Beräich Educatioun stinn. An dësem Kontext gëllt et ze preziséieren, dass dës Zuel all d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg esou ewéi déi déi am Ausland op der Uni sinn, mä awer hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, ëmfaasst.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 19
  4. 20
  5. 21
  6. 22
  7. 23
  8. ...
  9. Lescht Säit