-
Gratis PCR-Tester fir reesend Persounen déi um Lux-Airport ukommen
Ab dem 9. Abrëll kann all Persoun, déi no enger Rees mam Fliger zu Lëtzebuerg ukënnt, op en Neits vun engem gratis PCR-Test um Flughafen um Findel profitéieren.
-
De Romain Schneider huet um ausseruerdentleche Conseil vun den EU-Gesondheetsministeren zum AstraZeneca Impfstoff deelgeholl
No der Analys vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zum COVID-19-Impfstoff Vaxzevria (virdrun AstraZeneca), sinn d'Gesondheetsministere vun der EU dëse Mëttwoch, 7. Abrëll, per Videokonferenz beieneekomm, fir iwwert eng gemeinsam Strategie zum zukünftegen Asaz vum Vaxzevria Impfstoff ze beroden.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll
An der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.685 op 1.544 (-8,4%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vu 4.129 op 3.464 Kontakter erofgaangen ass (-16,1%).
-
Start vun der Phas 5 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 5 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 14).
-
Ären Impfcertificat elo och op MyGuichet.lu disponibel
Zënter dem 2. Abrëll kënnen déi Leit, déi am Kader vun der COVID-19-Impfcampagne geimpft goufen (1. oder 2. Dosis), de Certificat vun hirer Impfung géint de COVID-19 an hirem private Beräich um MyGuichet.lu online eroflueden.
-
Vun Ouschteren u gi Sonndes keng Donnéeën zum COVID-19 méi publizéiert
Vum Ouschterweekend u publizéiert de Gesondheetsministère bis op Weideres Sonndes keng Donnéeën zum COVID-19 méi. Dës Decisioun gouf geholl fir den Ekippe vun de Spideeler a vum Monitoring eng Paus ze erlaben.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis de 28. Mäerz
An der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.564 op 1.684 (+7,7%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 3.846 op 4.129 Kontakter geklommen (+7,3%).
-
Start vun der Phas 4 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 4 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 13).
-
D'Donnéeën zum COVID-19 ginn dëse Sonndeg net publizéiert
Wéinst Maintenance-Aarbechten um informatesche System wäert de Gesondheetsministère dëse Sonndeg, 28. Mäerz 2021, keng Donnéeën zum COVID-19 publizéieren.
-
Ännerung vun de Bedéngunge fir d'"Reestester"
No enger Decisioun vum Regierungsrot vum 17. Mäerz, ginn d'Bedéngunge fir PCR-Tester virun enger Rees an d'Ausland am Kader vum Large Scale Testing (LST3) geännert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis de 21. Mäerz
Dee fir d'Iwwerwaachung vum COVID-19 zu Lëtzebuerg ageriichte System gëtt kontinuéierlech ugepasst, fir Indicateuren z'erstellen, déi d'Entwécklung vun der Pandemie an Echtzäit reflektéieren.
-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der 2. Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 2. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 3. Impfphas.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15:30 Auer un.
-
Lëtzebuerg impft nees mat AstraZeneca
Déi europäesch Medikamentenagence (EMA) huet den 18. Mäerz d'Resultater vun den Analyse vum PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), hirem Sécherheetskommitee, presentéiert. Ënnersicht goufen heibäi eng Rei Fäll vu Bluttproblemer, déi no der Impfung mat AstraZeneca (AZ) bei eenzele Persounen opgetruede waren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 8. bis de 14. Mäerz
An der Woch vum 8. bis de 14. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.194 op 1.249 (+5%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.847 op 3.669 Kontakter geklommen (+34,5%).
- Éischt Säit
- ...
- 16
- 17
- 18
- 19
- 20
- ...
- Lescht Säit