Start vun der Phas 4 vun der COVID-19-Impfcampagne

Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 4 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 13).

Wéi no der Decisioun vum Regierungsrot vum 29. Januar ugekënnegt, sinn dat Residenten tëschent 65 a 69 Joer, ugefaange bei deenen eelsten (Phas 4a), a Persounen, déi opgrond vun hirem Gesondheetszoustand moderat vulnerabel sinn (Phas 4b).

Zu deene Krankheete gehéieren:

  • Diabetes mat oder ouni Insulin, mat kardio-neuro-vaskuläre Komplikatiounen
  • Blutthéichdrock, komplizéiert, mat Folge vun engem Hiereschlag oder enger associéierter Cardiopathie
  • Neuromuskulär Krankheete mat klineschen Auswierkungen

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi vun der Phas 4a betraffe Persounen, also déi tëschent 65 a 69 Joer, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Déi aner Persounen, déi als moderat vulnerabel no der Definitioun vun der Phas 4b gëllen, kënne vun hirem Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, dat ab dem 1. Abrëll. Si kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.

D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt.

De Gesondheetsministère erënnert iwwerdeems nach eemol dorun, dass déi Persounen, déi altersbedéngt zur Phas 2 oder 3 gehéieren an hir Invitatioun fir d'Impfung nach net kritt hunn, hir Adress am Registre national des personnes physiques (RNPP) op guichet.lu iwwerpréiwe sollen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert