Ären Impfcertificat elo och op MyGuichet.lu disponibel

Zënter dem 2. Abrëll kënnen déi Leit, déi am Kader vun der COVID-19-Impfcampagne geimpft goufen (1. oder 2. Dosis), de Certificat vun hirer Impfung géint de COVID-19 an hirem private Beräich um MyGuichet.lu online eroflueden. Fir dëse COVID-19-Impfcertificat erofzelueden, muss ee sech just op http://guichet.lu/certificat-vaccination aloggen.

Et handelt sech ëm een nationalen Impfcertificat, dee beweist dass een am Kader vun der COVID-19-Impfcampagne vun der Regierung geimpft ginn ass. De Certificat huet och ee GouvCheck-Code, deen d'Authentizitéit vum Dokument garantéiert.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert