-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 21. bis 27. September
An der Woch vum 21. bis de 27. September ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune ëm 32% zeréckgaangen, mat 460 Persoune par Rapport zu 672 an der Woch virdrun. Dës Tendenz zeechent sech och bei der Zuel vun de Kontakter of, wou am selwechten Zäitraum 4.670 géigeniwwer 5.441 (-14%) Kontakter gezielt goufen.
-
Pressekonferenz vum Paulette Lenert a Claude Meisch iwwert den Zenario 1 vum sanitären Dispositif an de Schoulen
De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19: Presentatioun vum Large Scale Testing 2.0
Op der Pressekonferenz presentéiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert déi strategesch Achse vun der 2. Phas vum Large Scale Testing (LST). De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 14. bis 20. September
An der Woch vum 14. bis 20. September huet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune staark zougeholl, mat 672 Persoune par Rapport zu 282 an der Woch virdrun. D'Zuel vun de Kontakter ass ëm 152% geklommen, mat 5.441 Kontakter par Rapport zu 2.613 an der Woch virdrun.
-
Livestream vum Pressebriefing vum Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert
De Livestream fänkt géint 13 Auer un.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 7. bis 13. September
An der Woch vum 7. bis de 13. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 282 Persoune par Rapport zu 281 an der Woch virdrun. D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 50,912 par Rapport zu 47.868 an der Woch virdrun.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 31. August bis 6. September
An der Woch vum 31. August bis de 6. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 281 Persoune par Rapport zu 288 an der Woch virdrun. D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 41.868.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 24. bis 30. August
An der Woch vum 24. bis den 30. August bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 288 Persoune par Rapport zu 292 an der Woch virdrun.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 10 bis 16. August
An der Woch vum 10. bis de 16. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter däitlech réckleefeg. An dësem Zäitraum goufen 249 Neiinfektiounen (-30%), sou wéi 1.779 Kontakter (-27%) verzeechent.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 27. Juli bis 2. August
An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter konstant an op héijem Niveau bliwwen.
-
"Covidtest Reesen": Nei Prozedur fir Residenten, déi an d'Ausland reese mussen
Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéieren verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg kommen, zu 14 Deeg Quarantänn oder e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wann si an dat Land areesen.
-
Covidtest: Deplacementer fir Residenten déi virum 2. August 2020 an d'Ausland reese mussen
Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéiere verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg kommen, fir e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wa si an dat Land areesen.
-
Pressekonferenz vum Paulette Lenert iwwer d'Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an de Contacttracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis den 19. Juli
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet de Point iwwert d’Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an de Contacttracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis den 19. Juli gemaach.
-
Weider Adaptatioune vun de Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie
Opgrond vun der Hausse vun den Zuele vun de mam Coronavirus infizéierte Persounen, mat där eist Land konfrontéiert ass, huet de Regierungsrot den 19. Juli 2020 e Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie ugeholl.
-
Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot vum 19. Juli 2020
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d’Press iwwert d’Aarbechte vum ausseruerdentleche Regierungsrot.
- Éischt Säit
- ...
- 21
- 22
- 23
- 24
- 25
- ...
- Lescht Säit