COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 24. bis 30. August

An der Woch vum 24. bis den 30. August bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 288 Persoune par Rapport zu 292 an der Woch virdrun. D'Zuel vun den identifizéierte Kontakter huet awer däitlech zougeholl, vun 1.569 op 2.195 Kontakter. Dës Hausse vun ëm 52% ass haaptsächlech op Leit déi aus der Vakanz zeréckkommen, zeréckzeféieren.  

Den 30. August goufen et insgesamt 570 aktiv Infektiounen (par rapport zu 482 den 23/08), wärend d'Zuele vun de geheelte Persoune vu 5.784 op 5.984 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf manner staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun an et gouf och keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,080 op 1,090 geklommen, wärend de Positivitéitstaux vun den Tester mat 0,76% par rapport zu 0,74% (Wochenduerchschnëtt) stabel bliwwen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 46 pro 100.000 Awunner.

Fir d'Woch vum 24. bis den 30. August loung d'Altersmoyenne vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll bei 35 Joer a bleift domat praktesch onverännert par rapport zu de viregte Wochen.

Surveillance vun de Quarantänen: 

An der Woch vum 24. Juli bis den 30. August waren 1.487 Persounen a Quarantän a 543 an Isolatioun.

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche:

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

08/06/2020

14/06/2020

30%

18%

31%

18%

4%

15/06/2020

21/06/2020

19%

28%

29%

20%

5%

22/06/2020

28/06/2020

23%

32%

24%

18%

3%

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

26%

26%

24%

20%

3%

13/07/2020

19/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

19%

27%

25%

22%

7%

17/08/2020

23/08/2020

17%

30%

25%

21%

6%

24/08/2020

30/08/2020

20%

32%

25%

23%

7%

Ursprong vun de Kontaminatiounen:

Wat den Ursprong vun de Kontaminatiounen ubelaangt, ass d'Proportioun vun de Fäll déi am Zesummenhang mat engem Auslandsopenthalt/enger Vakanz sti weider vu 47% op 52% geklommen.  Vun den 288 positive Fäll an där Woch sinn effektiv 150 Fäll op Auslandsreesen zeréckzeféieren. De Gesondheetsministère erënnert nach emol dorun, datt et wichteg ass d'Geste-barrièren och wärend enger Vakanz am Ausland ze respektéieren; et ass vun immenser Bedeitung am Kampf géint déi weider Verbreedung vum Virus. 

Doriwwer eraus si 64 Fäll (22%) warscheinlech op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren a 6 Fäll (2%) stoungen am Zesummenhang mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen. 8 Fäll stamen aus 2 identifizéierten aktiven Infektiounscluster (Entreprisen, Wunngemeinschaften) 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert