COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 10 bis 16. August

An der Woch vum 10. bis de 16. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter däitlech réckleefeg. An dësem Zäitraum goufen 249 Neiinfektiounen (-30%), sou wéi 1.779 Kontakter (-27%) verzeechent.

A Betruecht vun dësen neie statisteschen Donnéeë begréisst d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert och d'Entscheedung vun der däitscher Bundesregierung, de Grand-Duché net méi als Risikogebitt anzestufen. D'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune läit fir déi 2. Woch noeneen ënner 50 op 100.000 Awunner.

De 16. August goufen et insgesamt 606 aktiv Infektiounen (par rapport zu 930 de 09/08), wärend d'Zuele vun de geheelte Persoune vu 6.168 op 6.739 geklommen ass.

An där betruechter Woch gouf et och 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass licht geklommen, vun 0,73 op 0,78, wärend de Positivitéitstaux vun 0,70% op 0,66% (Wochenduerchschnëtt) erofgaangen ass.

Fir d'Woch vum 10. bis de 16. August loung d'Altersmoyenne vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll bei 35 Joer an ass domat onverännert stabil par rapport zu de viregte Wochen.

Surveillance vun de Quarantänen:

An der Woch vum 10. bis de 16. August waren 1.073 Persounen a Quarantän (-20% par rapport zu der viregter Woch) a 763 an Isolatioun (-31% par rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche:

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

25/05/2020

31/05/2020

22%

20%

34%

18%

6%

01/06/2020

07/06/2020

35%

17%

28%

15%

5%

08/06/2020

14/06/2020

30%

18%

31%

18%

4%

15/06/2020

21/06/2020

19%

28%

29%

20%

5%

22/06/2020

28/06/2020

23%

32%

24%

18%

3%

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

26%

26%

24%

20%

3%

13/07/2020

19/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

19%

27%

25%

22%

7%

Ursprong vun de Kontaminatiounen:

Vun den 249 positive Fäll an där Woch, sinn 63 Fäll op Auslandsreesen zeréckzeféieren. Effektiv hëlt den Undeel u Fäll, déi aus enger Vakanz zeréckkommen, däitlech zou a mécht 25% vun all de positive Fäll aus. An dësem Kader widderhëlt de Gesondheetsministère den Appell un all Reesender, wärend hirer Vakanz d'Geste-barrièren ze respektéieren, sech responsabel ze verhalen a sech bei hirem Retour testen ze loossen, wa si Kontakt zu enger potentiell infizéierter Persoun haten.

Doriwwer eraus sinn 52 Fäll (21%) warscheinlech op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren an 12 Fäll (5%) stoungen am Zesummenhang mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen. 23 Fäll stamen aus 7 identifizéierten aktiven Infektiounscluster (Entreprisen, Wunngemeinschaften, Fräizäitaktivitéiten, Gesondheets- a Fleegesecteur).

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

Aktualiséiert