-
Pressebriefing iwwert déi aktuell Situatioun an d'Gesetzesännerungen am Kader vum COVID-19
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-9: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. November
An der Woch vum 9. bis de 15. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.013 Fäll, am Verglach zu 4.133 Fäll an der Woch virdru, liicht zeréckgaangen, mee bleift op héijem Niveau.
-
Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot vum 17. November 2020
De Livestream fänkt géint 12:30 Auer un.
-
COVID-2: Réckbléck op d'Woch vum 2. bis den 8. November
An der Woch vum 2. bis den 8. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.127 Fäll am Verglach zu 4.700 Fäll an der Woch virdru liicht zeréckgaangen. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass stabel bliwwen a läit bei 12.582. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 diagnostizéierte Persounen ass och stabel bliwwen a läit bei 41,4 Joer, am Verglach zu 41,2 Joer virdrun.
-
Optimiséierung vun de "covid tracing"-Formulairen op covidtracing.public.lu
Fir d'Kontaktopnam vun der Contacttracing-Ekipp ze vereinfachen an ze beschleunegen, gouf d'Tracing-Prozedur iwwert d'Deklaratiounsformulairen optimiséiert.
-
COVID-26: Réckbléck op d'Woch vum 26. Oktober bis den 1. November
An der Woch vum 26.Oktober bis den 1. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.701 Fäll am Verglach zu 3.388 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+39%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass och weider geklommen a läit elo bei 12.562 (+26%).
-
Ouverture vun zwee Centre de prélèvement COVID-19 zu Esch an zu Diddeleng
Fir der grousser Demande un diagnostesche Coronavirus-Tester nozekommen, wäerten zwee Centre-de-prélèvementen (CDP) hir Dieren dës Woch opmaachen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Oktober
An der Woch vum 19. bis 25. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.387 Fäll am Verglach zu 1.280 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+265%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 9.980 Kontakter am Verglach zu 7.878 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+27%).
-
COVID-19: D'Gesondheetsministesch invitéiert op e Pressebriefing
De Livestream fänkt géint 19 Auer un.
-
De Consultatiounszenter fir COVID-19 mécht ab Dënschdeg, den 27. Oktober seng Dieren op
Am aktuelle Kader, mat enger däitlecher Hausse vun de COVID-19-Neiinfektiounen an dem Optriede vun de klasseschen, saisonalen Epidemien (Gripp, Longenentzündung, Bronchite, asw.), ginn Dokteschcabineten, Pediatrie an d'COVID-Branchen an den Urgencë nees méi besicht.
-
COVID-19: Gesondheetsministère mécht Appell un d'Populatioun fir de Contact Tracing ze vereinfachen
De Gesondheetsministère mécht e staarken Appell un déi Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, sech direkt selwer an Eegen-Isolatioun ze setzen, esou bal se d'Resultat vum Laboratoire kritt hunn, respektiv sech an Eege-Quarantän ze setze wann se informéiert ginn, dass se en héije Risikokontakt hate mat enger Persoun déi positiv getest gouf.
-
Pressebriefing - Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Upassunge vun den Eegen-Isolatioun- an Eege-Quarantänprozedure fir de Contact Tracing ze vereinfachen
Am Hibléck op déi beonrouegend Hausse vun der Zuel u Neiinfektioune mam COVID-19 an de leschten dräi Deeg, huet d'Contact-Tracing-Ekipp vun de Gesondheetsautoritéiten hir Aarbechtsweis ugepasst, fir hir Reaktiounsfäegkeet bei der Kontaktopnam z'erhéijen. Dës Upassunge wäerten ab Freideg, den 23. Oktober 2020 am Asaz sinn.
-
COVID-19-Neiinfektiounen: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis 18. Oktober - De Gesondheetsministère mécht en Appell un Populatioun, verstäerkt opzepassen
An der Woch vum 12. bis 18. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 1.280 Fäll am Verglach zu 850 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (59%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 7.924 Kontakter am Verglach zu 6.780 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+17%).
-
Pressekonferenz: COVID-19-Neiinfektiounen a Réckbléck op d'Woch vum 12. bis 18. Oktober
De Livestream fänkt géint 16:30 Auer un.
- Éischt Säit
- ...
- 19
- 20
- 21
- 22
- 23
- ...
- Lescht Säit