Optimiséierung vun de "covid tracing"-Formulairen op covidtracing.public.lu

Fir d'Kontaktopnam vun der Contacttracing-Ekipp ze vereinfachen an ze beschleunegen, gouf d'Tracing-Prozedur iwwert d'Deklaratiounsformulairen optimiséiert.

Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen a Persounen déi een direkte Kontakt hate mat enger Persoun, déi COVID+ getest gouf, kënnen elo d'Deklaratiounsformulairen online op der Säit vun der Inspektion sanitaire ausfëllen, covidtracing.public.lu, oder op covid19.lu

Dëse Link (covidtracing.public.lu) gëtt och direkt iwwert SMS u Persoune geschéckt, déi positiv op de COVID-19 getest goufen. Dës Persoune kënnen dann de Link mat hirer Referenznummer un d'Persoune weiderleeden, mat deene si ënnert héijem Risiko a Kontakt waart.

Andeems Dir dës Formulairen ausfëllt, erliichtert Dir der Contacttracing-Ekipp d'Aarbecht. D'Participatioun vu jiddwerengem um Tracing hëlleft d'Pandemie besser ze kontrolléieren.   

Zur Erënnerung:

  • Wann Dir positiv op COVID-19 getest gouft: Dir musst direkt an Eegen-Isolatioun goen, ouni op den Uruff vun der Contacttracing-Ekipp ze waarden. D'Ekipp vum Contacttracing ass iwwert Äert Resultat informéiert ginn. Wärend Dir op den Uruff waart, kënnt Dir hinnen hëllefen d'Persounen z'identifizéieren, mat deenen Dir ënnert héijem Risiko a Kontakt waart, andeems Dir den Deklaratiounsformulaire op covidtracing.public.lu oder www.covid19.lu ausfëllt. Dir kritt eng Ordonnance fir Iech z'isoléieren, déi Dir och als Certificat d'incapacité de travail (CIT) benotze kënnt.
  • Wann Dir a Kontakt waart mat enger Persoun, déi positiv op COVID-19 getest gouf: Dir musst Iech an Eege-Quarantän setzen. Fir eng Ordonnance fir d'Quarantän, déi och gläichzäiteg als Certificat d'incapacité de travail (CIT) gëllt, wéi och eng Ordonnance fir ee COVID-19 PCR-Test ze kréien, musst Dir den Deklaratiounsformulaire op covidtracing.public.lu oder op www.covid19.lu ausfëllen. Dir musst den Numm a Virnumm vun der positiver Persoun uginn an och d'Referenznummer vum Dossier, déi déi positiv op COVID-19 geteste Persoun Iech matgedeelt huet.  

Dir fannt weider Informatiounen op www.covid19.lu, wéi och e Guide, wéi Dir Är Eegen-Isolatioun oder Eege-Quarantän am beschten organiséiert.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert