COVID-9: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. November

An der Woch vum 9. bis de 15. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.013 Fäll, am Verglach zu 4.133 Fäll an der Woch virdru, liicht zeréckgaangen, mee bleift op héijem Niveau. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass och weider erofgaangen a läit elo bei 8.937 (-29%). D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vun 41,4 op 40,6 Joer erofgaangen.

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 67.734 am Verglach zu 69.076 an der viregter Woch.

De 15. November goufen et insgesamt 9.286 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 9.622 den 08.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 13.424 op 17.734 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 39 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 35 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 85 Joer.

Déi relativ stabel Zuel un neie positive Fäll spigelt sech och an de Spideeler erëm, besonnesch an der normaler Fleeg, mat enger liichter Erhéijung op den Intensivstatiounen.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,81 op 0,98 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 5,92% par rapport zu 5,98% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 641 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.315 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 2. November den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 660 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

En ass an den Alterstranchë vu 15-29 Joer an 20-34 Joer geklommen, wärend e bei allen aneren Alterstranchen, an doduerch och an der Gesamtpopulatioun, eng Tendenz no ënnen opweist. D'Alterstranche vu 15-29 Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vu 75+ Joer, souwéi der Alterstranche vu 30-34 Joer. Bei de Jonken tëschent 0-14 Joer huet d'Tendenz sech ëmgedréint: den Inzidenz-Taux ass liicht zeréckgaangen a bleift ënnert dem Niveau vun den Erwuessenen.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 9. bis 15. November waren 8.776 Persounen an Isolatioun a 7.874 a Quarantän (-11% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

De Kontaminatiounstaux, fir déi den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich. Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Wéi an der viregter Woch, goufen och an der Woch vum 9. bis de 15. November un dräi verschiddenen Deeg, Méindeg, Mëttwoch a Freideg, Prouwe geholl.

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der analyséierter Woch d'SARS-CoV-2 RNA-Stréim am Ofwaasser vergläichbar ware mat deenen an den zwou Woche virdrun. De Kontaminatiounsniveau bleift an deenen 13 analyséierte Kläranlagen op ganz héije Stroumwäerter, wat op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. D'Donnéeën, déi an der Woch vum 9. bis de 15. November erhuewe goufen, confirméieren net déi liicht Tendenz no ënnen, déi an der viregter Woch um nationalen Niveau festgestallt gouf.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert