Coronavirus: COVID-19

HOTLINE

Bierger an Entreprisen
8002 8080

Aus dem Ausland
+352 4977 1 9200

 

E psychologesche Support steet all Dag vu 7 bis 23 Auer zur Verfügung.

Point de situation

(06.05.2020)

Aktuell Situatioun COVID-19: Neiinfektiounen, Hospitaliséierungen op der Intensivstatioun, Stierffäll.

3.851 Op COVID-19 positiv getest Persounen:
  • Differenz par rapport zum Dag virdrun:+11
  • Residenten: 3.123
  • Net-Residenten: 728
  • Duerchschnëttsalter: 46 Joer
  • Ratio Männer/Fraen: 51,1% / 48,9%
50.533 Persounen déi zanter dem Ufank vun der Kris getest goufen:
  • Residenten: 39.968
  • Net-Residenten: 10.565
  • Aktiv Infektiounen: 301
  • Geheelte Persounen: 3.452
98* Stierffäll
  • Differenz par rapport zum Dag virdrun: +2
  • Duerchschnëttsalter: 83 Joer
  • Medianalter: 85 Joer

(*ouni den Doud vun 1 Persoun aus der Regioun Grand-Est a Frankräich, déi zu Lëtzebuerg am Spidol loung)

 
118 Hospitaliséierungen (COVID-19 a Verdachtsfäll)
  • Normalstatioun: 98
  • Intensivstatioun: 20**
  • Entloossungen: 860

(** ouni d'Persounen aus der franséischer Regioun Grand Est)

Nächst Mise à jour: 07.05.2020 tëschent 17:30 - 18:00

DE CORONAVIRUS  

Definitioun

D’Coronavire (CoV) bilden eng grouss Famill vu Viren déi Unzeeche vun engem einfache Schnapp bis hin zu méi schlëmmen Otemkrankheete wéi de Middle East Respiratory Syndrome (MERS) oder de Severe Acute Respiratory Syndrome (SARS) kënnen ausléisen. Een neie Coronavirus (nCov) ass eng nei Zort vu Coronavirus, déi bis ewell nach net beim Mënsch nogewise gouf.

De COVID-19 ass déi ustiechend Krankheet, déi ausgeléist gëtt vum leschte Coronavirus, deen entdeckt gouf (SARS-COV2). Dësen neie Virus an dës Krankheet waren net bekannt bis zum Ausbroch an der Verbreedung zu Wuhan (China) am Dezember 2019. 

D'Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Allerdéngs ass et wichteg fir verschidde Virkéierungen ze treffe fir datt de Virus sech net esou séier an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen an zerbriechleche Persoune verbreede kann.

Wat ass eng Pandemie?

Obwuel et keng allgemeng Definitioun gëtt, kann ee soen, datt eng Pandemie eng aussergewéinlech an ustiechend Krankheet ass, déi net séier verschwënnt, déi sech séier iwwer d'ganz Welt verbreet an e groussen Deel vun der globaler Bevëlkerung betrëfft.

Den 11. Mäerz 2020 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO d’Epidemie COVID-19 zur Pandemie deklaréiert.

Wéi iwwerdréit de Coronavirus sech?

De COVID-19 gëtt iwwerdroe vu Persounen, déi de Virus a sech droen. D'Krankheet ka vun enger Persoun op déi aner iwwerdroe gi duerch kleng Drëpsen, déi beim Ootmen entstinn, an duerch d'Nues oder de Mond ausgestouss ginn, wann eng Persoun houscht oder néitscht.

Et ass och méiglech, sech mam COVID-19 unzestiechen, andeems ee kleng Drëpse vun enger kranker Persoun, déi houscht oder néitscht, anotemt. Dofir ass et wichteg, en Ofstand vun iwwer zwee Meter zu enger Persoun ze halen, déi krank ass, an déi allgemeng Moossname vun der Hygiène ze respektéieren. Déi kleng Drëpse kënne eng gewëssen Zäit op Objeten oder Uewerflächen ronderëm déi betraffe Persoun erëmfonnt ginn. Et kann ee sech mam COVID-19 ustiechen, wann een dës Objeten oder Uewerfläche beréiert an dono seng Aen, seng Nues oder säi Mond upeekt.

Kann de Coronavirus sexuell iwwerdroe ginn?

De COVID-19 ass net sexuell iwwerdrobar. Allerdéngs verbreet de Virus sech iwwer Sekret aus den Otem a kann duerch den direkte Kontakt tëscht de Leit iwwerdroen ginn. Dat ass duerchaus de Fall beim Geschlechtsverkéier, falls ee vun de Partner mam Virus infizéiert ass.

Kënnen Hausdéieren de COVID-19 iwwerdroen?

Et ass net bewisen, datt Hausdéieren ewéi Hënn oder Kazen den neie Coronavirus iwwerdroen.

Mee et ginn e puer Fäll vun infizéierte Kazen, an de Vereenegte Staate virun allem; dofir soll ee  seng Kazen esou wäit ewéi méiglech dobannen halen a vermeiden, datt se a Kontakt komme mat Persounen, déi net am selwechte Stot wunnen.

Wien en Hond huet, soll dorobber oppassen, datt den Hond baussent dem Haus dee selwechte Sécherheetsofstand anhält ewéi d’Mënschen.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass de predominante Wee, fir d’Krankheet ze iwwerdroen, dee vu Mënsch zu Mënsch.

Déieren a Mënschen hu muenchmol déi selwecht Krankheeten. Dofir solle Leit, wann se de Covid-19 hunn, den enke Kontakt mat hiren Hausdéieren evitéieren an se an där Zäit wa méiglech vun anere Leit versuerge loossen.

SECH SELWER AN ANERER SCHÜTZEN

Wéi muss ech mech verhalen fir mech esou wéineg ewéi méiglech a Gefor ze bréngen?

Bleift doheem. Direkt sozial Kontakter sinn op e Minimum ze reduzéieren. Sortië sinn op folgend Aktivitéite limitéiert:

  • Akafe vu Liewensmëttel, Medikamenter an noutwendege Produiten;
  • Akafe vu landwirtschaftlechen, viticolen, horticolen a sylvicole Produiten;
  • Deplacementer bei Gesondheetsstrukturen;
  • Deplacementer op d'Aarbechtsplaz;
  • Hëllef a Fleeg fir eeler Leit, Mannerjäreger, bedierfteg Leit, Persoune mat engem Handicap oder besonnesch vulnerabel Leit;
  • Deplacementer, déi néideg sinn, bei d'Organisme vun der Sozialversécherung,
  • Deplacementer, déi néideg sinn, bei Finanz- a Versécherungsinstituter, an och bei d'Post;
  • Deplacementer bei kommerziell an handwierklech  Ariichtungen déi ënner dëser Rubrik ernimmt sinn : Informations pour les entreprises
  • am Fall vun héijer Gewalt oder an Noutfallsituatiounen;
  • Deplacementer, déi noutwenneg sinn am Kader vum Besuchsrecht an dem ofwiesselnde Logements vu Kanner, esou wéi et ofgemaach oder vum Geriicht decidéiert ginn ass;
  • fir Fräizäitaktivitéite dobausse vun Iech alleng, oder zesumme mat anere Persounen déi mat Iech wunnen, ënnert der Bedéngung datt et keng Versammlung gëtt an eng Distanz vun 2 Meter zu anere Leit agehale gëtt.
  • den Deplacement bei ëffentlech Administratiounen a Servicer;
  • den Deplacement bei Persounen, déi déi heite Beruffer praktizéieren: Dokteren, Zänndokteren, Déierendokteren, Psychotherapeuten, Infirmieren, Kinesitherapeuten, Podologen, Psychomotoriker, Logopeden, Osteopathen, Ernärungsberoder, Ergotherapeuten, Hiewanen.

Bestietnesser op der Gemeng a Begriefnesser sinn erlaabt mat engem Maximum vun 20 Persounen. Esou laang dës Kris dauert an nach zwielef Méint dono kann e Bestietnes an engem anere Gemengegebai ewéi der Märei sinn.

 

Wat muss ech maache fir mech ze schützen a fir ze verhënneren, datt ech mech ustiechen?

Et gëllen déi nämmlecht Virsiichtsmoossname bei all anerer Infektioun vun den Otemweeër och.

  1. Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d'Hänn.
  2. Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d'Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.
  3. Verzicht drop anere Leit d'Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.
  4. Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!
  5. Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d'mannst 2 Meter)
  6. Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.
  7. D’Mask ass komplementar zu de Gestes-barrière.
Wéini soll een eng Mask undoen?

Zanter dem 20. Abrëll ass et obligatoresch, datt Nues a Mond bedeckt si mat enger Mask, engem Foulard oder engem Duch, op Plazen, wou d’Distanz vun zwee Meter zu anere Persounen net ka respektéiert ginn. Dat ass virun allem esou an de Butteker, am ëffentlechen Transport, a Recyclingszentren oder op de Mäert. Kanner ënner 6 Joer brauche keng Mask ze droen.

An enger éischter Etapp kritt all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft, fënnef Masken, déi ee just eemol ka benotzen. Déi kënnen net gewäsch ginn a mussen an d’Dreckskëscht gehäit ginn, nodeems ee se maximal 8 Stonnen ophat.

Selwer gebitzte Masken aus Stoff, Schalen oder Dicher kënne méi dacks benotzt ginn, ënnert der Conditioun, datt se all Dag nom Gebrauch mat 60 Grad gewäsch ginn.

Fir méi driwwer gewuer ze ginn, wéi ee richteg mat deene Masken ëmgeet, zéckt net, deen heite Site ze kucken: Recommandatiounen  

Eng Mask ze droen ass just eng zousätzlech Schutzmoossnam, well si d’Verbreedung vun deene klengen Drëpse verhënnere kann, déi de Virus iwwerdroen. Mee esou eng Mask kann de Risiko méi grouss maachen, fir sech unzestiechen, wann een net richteg domadder ëmgeet. Dofir huet d’Weltgesondheetsorganisatioun festgehalen, datt d’Virschrëft fir déi ganz Populatioun, esou eng Mask unzedoen, just da justifiéiert ass, wann déi aner Schutzmoossnamen net oder just schwéier ëmzesetze sinn.

#NetOuniMengMask

Kann ee sech mat Händschen effikass géint de Coronavirus schützen?

Am Alldag schützt reegelméissegt Hännwäsche besser géint de Coronavirus ewéi Händschen unzedoen. Well Händschen verhënneren net, datt de Virus sech vun enger Plaz op déi aner iwwerdréit. Wann Dir eppes upaakt mat Händschen, wou de Coronavirus drop ass, da kritt Dir de Virus op d’Händschen a vun do aus verdeelt Der en op déi Plazen an déi Saachen, déi Dir upaakt, ewéi Klenschen, Schlësselen, Handy, Posch, Portmonni asw. 

Eng hydro-alkoholesch Léisung desinfizéiert Händschen net richteg. An de Risk ass net auszeschléissen, datt Dir de Virus op d’Hänn kritt, wann Dir d’Händschen ausditt. 

Am Fong hunn Händschen eng Partie Nodeeler:

  • Dir kritt domadder e falscht Gefill vu Sécherheet a passt eventuell net méi genuch drop op, déi Schutzmoossnamen ze respektéieren, déi essentiell sinn.

  • De Risk vun enger Infektioun mam Coronavirus kann esou eropgoen.

  • Den Impakt op d’Ëmwelt ass negativ, well déi meeschten Händschen, déi just eemol gebraucht ginn, sinn net ze recycléieren an net biodegradabel. 

Wéini soll een Händschen undoen? 

Händsche fir ewechzepuche si fir d’Personal vun der Santé reservéiert, wann si Persoune mussen upaken, déi kënnen infizéiert sinn, mam Coronavirus oder soss enger ustiechender Krankheet. Bei der Fleeg sinn de Gebrauch vun esou Händschen an dat reegelméissegt a korrekt Wäsche vun den Hänn onëmgänglech. Mee ausser an der Fleeg vun enger Persoun mat enger ustiechender Krankheet kann een Händschen net recommandéieren.

Händsche fir den eemolege Gebrauch sinn net derfir geduecht, am alldeegleche Liewe benotzt ze ginn.

 

 

Ech hat COVID-19 a sinn erëm gesond. Sinn ech elo immun dergéint?

Dat ass eng Fro, déi amgaang ass, ënnersicht ze ginn. Et gëtt bis elo kee Beweis, datt Persounen, déi deen neie Coronavirus haten a sech dovunner erholl hunn, dono immuniséiert a géint eng zweet Infektioun geschützt sinn. Dowéinst ass d’Weltgesondheetsorganisatioun der Meenung, datt en „Immunpass“ fir Persoune mat Antikierperen am Blutt eng falsch Sécherheet vermëttelen an esou derzou bäidroe kéint, datt d’Pandemie sech méi verbreet.

Wann Dir Iech erholl hutt vun der Krankheet, da fuert viru mat de Virsiichtsmoossnamen; domadder schützt Dir Iech selwer an déi aner.

Wie sinn déi ufälleg Persounen?

Ufälleg Persoune si Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hunn:  

  • Diabetes;
  • Kardiovaskulär Krankheeten;
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër;
  • Kriibs;
  • Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie;
  • krankhaft Iwwergewiicht (Body-Mass-Index iwwer 40 kg/m2).
Dir kënnt Iech och d’Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) ukucken.
Wéi eng Kanner sinn ufälleg?

Beim Kand verleeft d’Infektioun mam Covid-19 ganz anescht ewéi beim Erwuessenen; bei de Kanner triede meeschtens wéineg Symptomer op. Grav Fäll vu Covid-19 bei Kanner si ganz seelen.

Op Basis vun deem, wat mer momentan wëssen, si Kanner mat chronesche Krankheeten aus den heite Kategorien als méiglecherweis ufälleg unzegesinn:

  • verschidde Krankheete vun den Otemweeër
  • verschidden Häerzprobleemer
  • verschidden Immunschwächten, duerch Krankheeten oder Traitementer verursaacht

Wann Dir en Zweiwel hutt, dann zéckt net, Äre Kannerdokter ze kontaktéieren.

Dir kënnt Iech och d’Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) ukucken.

Ech sinn ufälleg fir krank ze ginn, wéi soll ech mech verhalen?

Bleift doheem a respektéiert d'Virsiichtsmoossnamen!

Wann Dir onbedéngt eraus musst, da respektéiert déi heite Recommandatiounen:

  • Gitt wa méiglech net zur Spëtzenzäit akafen;
  • kaaft wa méiglech online an, zum Beispill op der Verkafsplattform corona.letzshop.lu, déi speziell fir ufälleg Persounen ageriicht gouf (Hotline 8002 9292);
  • evitéiert Plazen, wou et net méiglech ass, eng Sécherheetsdistanz vun 2 Meter anzehalen;
  • evitéiert den ëffentlechen Transport.

Wann Dir musst schaffe goen, da kontaktéiert Ären Dokter iwwer Teleconsultatioun. Esou kënnt Dir klären, ob Dir viru kënnt op Är Aarbecht goen. Äre Patron ass gehalen, dofir ze suergen, datt Dir esou gutt ewéi méiglech op Ärer Aarbechtsplaz geschützt sidd, zum Beispill andeem Dir esou wäit wéi méiglech vun Ären Aarbechtskolleegen ewechbleift. (Informatioune fir Entreprisen)

Ass den neie Coronavirus geféierlech fir Kanner?

Bei Kanner ass eng Infektioun mam COVID-19 meeschtens net schlëmm. A China haten d’Hallschent vun den infizéierte Kanner keng Symptomer; nëmme 5,6 Prozent ware schlëmm krank, an et ass kee Kand ënner zéng Joer dorunner gestuerwen.

An Europa an an den USA si ganz wéineg Kanner um COVID-19 gestuerwen. Dat ware gewéinlech Kanner, déi wéinst enger anerer Krankheet virdrun engem méi grousse Risk ausgesat waren.

Et ass awer net ausgeschloss, datt e Kand eng schlëmm Form vum COVID-19 ka kréien; am Zweiwel ass et den Dokter, deen d’Diagnos mécht an den néidegen Traitement decidéiert.

Stellt deen neie Coronavirus e Risiko fir schwanger Fraen oder de Fötus duer?

Nom aktuelle Kenntnisstand stellt de COVID-19 kee spezielle Risiko fir schwanger Fraen duer. Schwanger Frae ginn deemno kengen zousätzleche Schutzmesuren ënnerworf, ausser deenen, déi bei enger Schwangerschaft üblech sinn. 

Bis elo gëtt et kee Lien tëschent dem Coronavirus an Anomalië beim Fötus oder engem Risiko vun enger Fréigebuert.

Source: ECDC: https://www.ecdc.europa.eu/en/novel-coronavirus-china/questions-answers
Source: CDC: https://www.cdc.gov/coronavirus/2019-ncov/specific-groups/pregnant-women-and-children.html

Kann ech nach eeler Leit am Alters- oder Fleegeheem besichen?

D’Restriktiounen an den Heemer fir eeler Leit sinn ugepasst ginn, fir datt d’Bewunner an hir Famillje sech kënnen erëmgesinn.

De Responsabele vum Heem decidéiert, ob esou Visitte méiglech sinn.

Wann déi Visitten erlaabt sinn, dann nëmmen op Rendez-vous. D’Hygiènesreegele musse strikt agehale ginn. D’Visite ass an engem Raum, deen dofir reservéiert ass oder, wann d’Wieder et erlaabt, dobaussen.

Déi Concernéiert solle sech am Heem selwer informéieren, ob an ënner wéi enge Bedingungen eng Visite méiglech ass.

Klickt wgl. op dës Linke fir méi Informatiounen:

Recommandations Prévention des infections en CIPA

Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région

Wat maache wann een Angscht huet?

Déi aktuell Kris ka fir d'Leit besonnesch beängschtegend sinn. Angscht a Suerge kënnen heiansdo Iwwerhand huelen, virun allem am Fall vu sozialer Isolatioun.

  • Wielt vertrauenswierdeg Informatiounsquellen aus, wéi zum Beispill de Site gouvernement.lu, a limitéiert d'Zäit déi Dir mat Onlinemedie verbréngt (kuckt dës Medien 1-2 Mol den Dag).
  • Sidd Iech Ären Ängschte bewosst. Passt op wéini Dir ängschtlech sidd a probéiert ze verstoe firwat.  Konzentréiert Iech op den Hei an Elo, a maacht Iech net ze vill Gedanken iwwert Ongewëssheeten.
  • Haalt esouäit méiglech Är deeglech Routine an.
  • Schwätzt mat Leit déi roueg sinn an Iech kënne berouegen.
  • Wann Dir mierkt, dass Är Angscht ëmmer méi grouss gëtt, kënnt Dir d'Hotline 8002 8080 uruffen.  

www.covid19-psy.lu  

Säi Stress geréieren - Englesch  

Wéi kann ee Fake News vermeiden?

Zanter dem Ufank vun der Kris gëtt de Coronavirus vun engem aneren Iwwel begleet, deen heiansdo déidlech Konsequenzen huet: falsch Informatiounen, Fake News, op de sozialen Netzwierker. Am Mäerz sinn am Iran Honnerte vu Leit gestuerwen, well se Methanol gedronk haten an der Meenung, dat kéint si géint COVID-19 schützen. Aner Beispiller vun esou falsche Recommandatiounen, déi geféierlech si fir deen, deen dorunner gleeft, sinn d’Anhuele vu vulkaneschen Äschen, vu Kokain, vu Bleech- oder Desinfektiounsmëttel ewéi Javel.

Fir Iech ze informéieren, gitt just op déi etabléiert Internetsitten an huelt nëmmen déi Medikamenter, déi Ären Dokter Iech verschreift oder ugëtt.

Wann Dir méi wëllt doriwwer wëssen, da kënnt Dir dës Sitte kucken:

https://www.who.int/fr/emergencies/diseases/novel-coronavirus-2019/advice-for-public/myth-busters

https://www.consilium.europa.eu/fr/policies/covid-19-coronavirus-outbreak/fighting-disinformation/

https://ec.europa.eu/info/live-work-travel-eu/health/coronavirus-response/fighting-disinformation_fr

https://www.infektionsschutz.de/coronavirus/verlaessliche-informationen-erkennen.html

SYMPTOMER AN DEPISTAGE

Wat sinn d'Symptomer?

D’Symptomer variéiere vun enger moderater bis uerger Infektioun vun den Otemweeër, begleet vu Féiwer, Houscht, Otemproblemer a Midegkeet.

De Verloscht vum Gerochssënn (Anosmie) an/oder vum Geschmaach (Ageusie) an och Ausschlag op der Haut sinn aner Symptomer vun der Krankheet. Eeler Leit a Persounen, déi ënner chronesche Krankheete leiden, si méi ufälleg an de Risiko fir Komplikatiounen ass méi héich.

D'Inkubatiounszäit, also d'Zäit tëschent dem Moment wou ee sech ustécht an den éischte Symptomer, läit bei der Infektioun COVID-19 bei maximal 14 Deeg.

Wéi weess ech, ob ech COVID-19 oder den Heeschnapp hunn?

D’Saison vun de Pollen huet ugefaang an déi domat verbonnen Allergië concernéieren tëscht 15 an 20 Prozent vun de Leit. D’Symptomer kënnen deene vum COVID-19 gläichen, virun allem bei deenen, bei deenen d’Allergie Asthma a Probleemer mam Ootme provozéiert.

Wie chroneschen Asthma huet, weess meeschtens ganz gutt, wéi d’Symptomer dovunner sinn a kann se un deene vum COVID-19 ënnerscheeden. Bei enger Asthmakris huet een normalerweis kee Féiwer; COVID-19-Patiente kréien awer Féiwer an 80 Prozent vun de Fäll. Wann een Asthma huet, kommen d’Probleemer beim Ootmen als Krisen, déi séier optrieden an no enger Zäit erëm ophalen; et ass och en typescht Päifen derbäi ze héieren. D’Otemprobleemer beim COVID-19 kommen no an no an si halen net méi op; derbäi kënnt en dréchenen Houscht.

www.pollen.lu  

Wat maachen ech wann ech e gesondheetleche Problem hunn?
  • Wann et dréngend ass, rufft ëmmer den 112 un!
  • Dir kënnt Ären Dokter uruffen oder iwwer Teleconsultatioun (eConsult) kontaktéieren.
  • Dir kënnt och an d’Urgence vun enger Klinick fueren.
  • Dir kënnt an e Centre de soins avancés - CSA (CSA) goen, wann Dir Symptomer hutt vum COVID-19.

 

Wéi fonctionéiert d’Teleconsultatioun?

D’Teleconsultatioun ass eng medezinesch Praxis ewéi all aner. En Dokter, en Zänndokter oder eng Hiewan kann op déi Aart a Weis op Distanz beroden, an zwar iwwer d’Informatiouns- an d’Kommunikatiounstechnologien.

Fir ze verstoen, wéi d’Teleconsultatioun fonctionéiert, kuckt Iech déi heite Videoen un:

  • Den éischte Video gëtt allgemeng Informatiounen an explizéiert, wéi Dir Iech aschreiwe kënnt op der Plattform fir Teleconsultatioun (Tutorial eConsult).
  • Den zweete Video erkläert, wéi e Rendez-vous fir Teleconsultatioun geholl gëtt (Tutorial eConsult).
  • Den drëtte Video weist, wéi esou eng Teleconsultatioun ofleeft (Tutorial eConsult).
  • De véierte Video explizéiert, wat no der Teleconsultatioun geschitt, virun allem, wéi d’Dokumenter elektronesch geschéckt ginn (Tutorial eConsult).
Wéi geet dat, wann ech bei mäin Hausdokter wëll?

D’Teleconsultatioun funktionéiert gutt. Zéckt net, déi Form vu Consultatioun op Distanz ze benotzen. Ären Dokter kann da séier aschätzen, ob Dir sollt bei hien an d’Praxis kommen oder Dir op enger anerer Plaz méi effikass versuergt sidd. Den Dokter däerf elo erëm an senger Praxis schaffen an sech ëm Är gesondheetlech Probleemer këmmeren.

Wann Dir an d’Praxis gitt, da sollt Dir wann nëmme méiglech eleng goen, an och d’Zäit vum ausgemaachte Rendez-vous anhalen, fir net mat anere Patienten am Wartesall zesummenzesëtzen.

Wann Dir ukommt, gitt Dir gebieden, Iech d’Hänn ze desinfizéieren, an Dir kritt eng medezinesch Mask fir opzesetzen. Et gëtt och direkt kontrolléiert, ob Dir keng Covid-19-Symptomer hutt.

Et ass och esou, datt d’Raimlechkeete vun der Praxis ekipéiert sinn, fir esou gutt ewéi méiglech d’Sécherheet vum Personal, vum Dokter a vun de Patienten ze garantéieren. Alles gëtt reegelméisseg desinfizéiert; am Wartesall leien och keng Zäitschrëften, Bicher oder Spillsaache méi.

Reprise vun de medezineschen Aktivitéite vum 4. Mee un.

Ech brauch en Zänndokter, wat soll ech maachen?

D’Praxisse vun den Zänndoktere sinn op. Mee am Norden, am Zentrum an am Süde vum Land ginn et Zänndoktere fir Urgencen.

Fir an esou eng Urgence ze goen, sollt Dir d’Nummer 8002-8080 uruffen. Do gitt Dir dann an déi Praxis geschéckt, déi bei Iech an der Géigend Déngscht huet.

Wou muss ech mech melle fir erauszefannen, ob ech de Coronavirus hunn?

Wann Dir Symptomer opweist, déi op eng Infektioun vun den Otemweeër hindeiten, oder Dir de Verdacht hutt, Iech mam COVID-19 ugestach ze hunn, da kënnt Dir an ee vun de Centres de soins avancés (CSA) goen.

Dir braucht keng Ordonnance vun Ärem Dokter fir an en CSA ze goen. De Moment si véier CSAen op:

  • um Kierchbierg an den Hale vun der Luxexpo (10:00 - 18:00 Auer);
  • zu Esch/Belval an der Rockhal (10:00 - 18:00 Auer);
  • zu Ettelbréck an der Däichhal (10:00 - 18:00 Auer);
  • Gréiwemaacher (Kulturzentrum) (10:00 - 18:00 Auer).

Eng Konsultatioun an engem CSA ass gratis: Dir musst just är Sozialversécherungskaart an eng Identitéitskaart virweisen.

Wat hëlleft e Scanner beim Verdacht op eng Infektioun mam COVID-19?

Vum Méindeg, 30. Mäerz u ginn am Land véier speziell Scanneren installéiert, déi an dréngende Fäll vu graven Ootmungsproblemer kënnen en Diagnostic maachen. Beim COVID-19 kënne béidsäiteg Longenentzündungen optrieden, déi déidlech kënne sinn, wann se net direkt detektéiert an adequat behandelt ginn.

Um Scannerbild weise sech charakteristesch Zeeche vum COVID-19, déi ënner Ëmstänn de Verdacht op eng Longenentzündung scho kënne bestätegen, ier e Resultat vun der Analys vun engem Ofstréch an der Nues oder am Hals do ass.

Recommandatioun vum Conseil scientifique

Ka mäin Dokter mir e Labostest fir d'Sich nom COVID-19 verschreiwen?

Ee vum Dokter verschriwwene Labostest erméiglecht et eng Infektioun festzestellen. Ären Dokter kann am beschten aschätzen, ob een Test an Ärem Fall gemaach soll ginn.

Wann néideg, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwer Teleconsultatioun eConsult.. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

Wa bei mir de Verdacht op COVID-19 besteet an den entspriechende COVID-19-Test duerchgefouert gëtt, wie kritt dann d'Resultat?

D'Resultat vum Test gëtt dem Dokter, deen den Test ugefrot huet, op geséchertem Wee iwwermëttelt. Den Dokter informéiert dann direkt de Patient doriwwer. D'Resultat gëtt och un d'Inspection sanitaire iwwermëttelt, dat an Applikatioun vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwer déi obligatoresch Deklaratioun vu bestëmme Krankheeten. Op Wonsch vum Patient kann d'Resultat och un den Hausdokter weidergeschéckt ginn.

Kann e Blutttest de Virus detektéieren?

Nee. Aktuell kann de neie Coronavirus nëmmen iwwert en Test vun den Otemsekreeter festgestallt ginn.

Gëtt et en Impfstoffgéint de COVID-19?

Aktuell gëtt et nach keen Impfstoff. D’Fuerschung dozou ass amgaangen.

MOOSSNAMEN A BEHANDLUNG

Ech si positiv getest ginn, wat soll ech elo maachen?

Wann Dir de Virus kritt hutt an et Iech net ze vill schlecht geet, da musst Dir bei Iech doheem bleiwen an Iech zwou Woche laang isoléieren. Dir kritt an den éischten Deeg vun Ärer Isolatioun e Pak an e Bréif vun der Direktioun vun der Santé:

  • e Set mat Masken, déi Dir undoe musst, wann Dir mat anere Persounen a Kontakt kommt;
  • Explikatiounen doriwwer, wéi Dir verhënnert, datt Dir aner Persounen ustiecht (also z. B. d’Gesten, déi Dir Iech musst uwinnen) an eng Ordonnance vun der Isolatioun, déi e Certificat ass, datt Dir net schaffe kënnt.

Dir gitt och gefrot, Iech op Distanz suivéieren ze loossen. Dir kënnt Iech dofir fräiwëlleg op enger Internet-Plattform aschreiwen, déi „Maela“ heescht. Dat ass en nationale System, deen e Suivi op Distanz erlaabt. Esou wëssen déi medezinesch Ekippen, ob et Iech gutt geet oder ob Dir eventuell Hëllef braucht.

Dir äntwert do zwou Woche laang all Dag op e Questionnaire, deen un eng Ekipp vu Spezialisten aus der Santé geet.

Et ass dofir en Internetsite ageriicht ginn op där heiten Adress: www.suivicovid.lu.

Wat bedeit eng Isolatiounsmoossnam?

D'Isolatioun gëtt bei all Persoun mat enger confirméierter COVID-19-Infektioun ugewannt. Dës Mesure ziilt dorop of et ze verhënneren, datt déi infizéiert Persoun, déi ustiechend ass, d'Infektioun op hiren Entourage iwwerdréit.

D'Isolatioun gëtt vum Dokter verschriwwen an dauert 14 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Wärend dëser Period, wou d'Persoun doheem isoléiert gëtt, muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn an eng chirurgesch Mask muss ëmmer gedroe ginn, wann se sech bei anere Persounen ophält.

Wat Dir an Är Famill am Fall vun enger Isolatioun doheem musst respektéieren

Wat heescht et, doheem a Quarantän ze sinn?

D'Quarantän gëtt bei Persounen applizéiert, déi enke Kontakt hate mat enger Persoun, bei där d'Infektioun confirméiert gouf (also méi ewéi eng Véirelstonn vis-à-vis vun hir gewiescht sinn, oder en net protegéierte physesche Kontakt gehat hunn, asw.).

Gouf een a Quarantän gesat, muss ee siwen Deeg laang doheem bleiwen, vun deem Dag un, wou d'Diagnos bei der infizéierter Persoun gestallt gouf. D’Inspection sanitaire stellt e Certificat fir d’Aarbecht aus, wann dat néideg ass. An der Quarantän muss all Kontakt mat anere Persounen evitéiert ginn.

De fënneften Dag soll d’Persoun a Quarantän sech an engem selwer gewieltene Laboratoire op de COVID-19 teste loossen; si kritt dofir eng Ordonnance geschéckt. Wann deen Test negativ ass, dann hält d’Quarantän nom siwenten Dag op, also zwee Deeg nom Test.

Déi siwen Deeg no der Quarantän muss déi Persoun sech selwer iwwerwaachen an eng Mask droen, soubal se mat anere Persounen zesummen ass. Wa Symptomer optrieden, muss si direkt nach en Test maachen an sech isoléieren.

Wat bedeit eng Eegen-Iwwerwaachung?

D'Eegen-Iwwerwaachung dauert 14 Deeg a gëtt bei Persounen applizéiert, déi warscheinlech am Kontakt zu enger mam Virus infizéierter Persoun waren. Zil ass et, d'Symptomer vun der Infektioun direkt am Ufank ze erkennen. D'Persoun ënnert Eegen-Iwwerwaachung moosst hir Temperatur zwee mol pro Dag a stellt sécher, datt se keen Houscht oder Otemproblemer huet. Wärend der Eegen-Iwwerwaachung kann ee sengen normalen Aktivitéiten nogoen.

Wéi eng Behandlung gëtt et bei enger COVID-19-Infektioun?

Fir de Moment gëtt et keng spezifesch Behandlung, d’Fuerschunge lafen awer. Den Traitement ass haaptsächlech symptomatesch, d.h. se gläicht der Behandlung vun Houscht, Otemproblemer oder ze héijer Temperatur.

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert, datt een net selwer soll Medikamenter huelen, och net Antibiotika, weeder als Preventioun vun der Krankheet, nach fir se ze heelen.

Verschidde Behandlunge ginn ausprobéiert am Kader vu klinesche Studien. Esou hëlleft Lëtzebuerg bei enger europäescher Etude, déi „Discovery“ heescht an a sechs Länner véier verschidden Traitementer test. D’WHO lancéiert hirersäits e groussen internationale klineschen Testprogramm.

Am Moment gëtt et kee wëssenschaftleche Beweis, datt et e Lien tëscht Ibuprofen an der Verschlëmmerung vun enger COVID-19-Infektioun gëtt.

Wann Dir Féiwer hutt ass et generell recommandéiert fir Paracetamol ze huelen. Wann Dir awer an engem Ibuprofen-Traitement sidd, besonnesch bei chroneschen Erkrankungen, da sollt Dir deen Traitement net ënnerbriechen, ier Dir mat Ärem Dokter geschwat hutt.

Hëllefe Chloroquin oder Hydroxychloroquin géint de COVID-19 ?

Et ass net wëssenschaftlech bewisen, datt déi Medikamenter hëllefen, weeder als Behandlung bei COVID-19, nach als Preventioun. Eng ganz Partie klinesch Etudë sinn amgaangen, fir zolidd Donnéeën ze kréien an esou erauszefannen, ob Chloroquin an Hydroxychloroquin effikass a sécher kënne bei der Behandlung vu COVID-19 agesat ginn.

Wann een déi Medikamenter géint COVID-19 gebraucht, ouni datt se autoriséiert sinn, dann ass dat geféierlech a muss ënnert ganz enker medezinescher Opsiicht geschéien.

  • Decidéiert net selwer, dës Medikamenter ze huelen.
  • Wann Dir Iech Froe stellt iwwert de Gebrauch vu Chloroquin an Hydroxychloroquin oder vu soss Medikamenter, da schwätzt mat Ärem Dokter oder Ärem Apdikter doriwwer.
  • Huelt Chloroquin an Hydroxychloroquin nëmmen dann, wann et vum Dokter verschriwwen ass a surveilléiert gëtt.

De Gesondheetsministère weist och dorobber hin, datt et vill gefälschte Medikamenter géint COVID-19 am illegalen Handel um Internet gëtt. Et ass verbueden a ganz geféierlech, esou Medikamenter ze kafen.

D’Wiesselwierkunge vun anere Medikamenter mat Mëttelen, déi géint COVID-19 gebraucht ginn, fannt Dir op deem heite Site : https://www.covid19-druginteractions.org/

D'GESTIOUN VUN DER GESONDHEETSKRIS

Wat ass d’Strategie, fir no an no aus dem Confinement erauszegoen?

D’Zil vun der Regeirung ass et, an Etappen d’Aschränkungen opzehiewen, dobäi awer virsiichteg ze bleiwen, fir datt d’Epidemie net mat enger zweeter Well erëmkënnt. Den 20. Abrëll 2020 hunn d’Chantiersaarbechten erëm ugefaang an d’Recyclingszentren erëm opgemaach. D’Schoule ginn no an no erëm op, etappeweis vum Mount Mee un: Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Fir no an no erëm alles kënnen opzemaachen, ass et immens wichteg,

  • zu all Moment ze garantéieren, datt déi néideg Kapazitéiten an de Spideeler do sinn,
  • d’Méiglechkeet bäizebehalen, erëm méi strikt Mesuren anzeféieren, sollt sech de Virus erëm méi staark verbreeden,
  • déi ganzen Zäit iwwer d’Evolutioun vun der Pandemie genee ze iwwerwaachen,
  • sécherzestellen, datt genuch Tester fir d’Detectioun kënne gemaach ginn, a virun allem d’Recherche ze ënnerstëtzen, wat d’Tester ugeet, déi d’Immunitéit an der Bevëlkerung moossen.

Dat heescht, datt ganz allgemeng d’Bierger onbedéngt musse virufueren,

  • d’Schutzmoossnamen ze respektéieren an och aner spezifesch Mesuren applizéieren, fir esou wäit ewéi nëmme méiglech ze vermeiden, datt de Virus sech onkontrolléiert verbreet – och op der Aarbechtsplaz,
  • virun allem déi ufälleg Persounen ze schützen.

Stratégie de déconfinement

Déconfinement - Phase 1

Recommandations sanitaires temporaires

Firwat huet d’Regierung decidéiert fir verschidden Aktivitéiten, Visitten, Manifestatiounen oder Aneres ze beschränken oder ze verbidden?

Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen. Weider ass et néideg fir de System vun der Organisatioun vum Gesondheetssystem z'adaptéieren fir eng Hausse vun der Zuel vun deene mam Virus infizéierte Persounen ze bewältegen. Déi proposéiert Mesurë berücksichtegen de pathogenen an kontagiéise Charakter vum Virus COVID-19. An deem Kontext ass eng vun deenen effizientste Mesurë fir d'Verbreedung vum Virus ze limitéieren, déi fir d'Reegele vun der Distanz an den tëschemënschleche Kontakter ze respektéieren.

Och op internationalem Niveau huet d’Situatioun sech verännert. Den 11. Mäerz huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de COVID-19 als weltwäit Pandemie agestuuft. Weider huet de Centre européen de contrôle et de prévention des maladies (ECDC) den 12. Mäerz eng nei Evaluatioun vum Risiko erausginn a weist dorop hin datt eng "Noutwennegkeet fir direkt a geziilte Moossname" besteet, fir den Impakt vun der Pandemie anzedämmen.  Dëser Aschätzung no besteet fir eeler Persounen a Persoune mat chronesche Krankheeten en héije Risiko fir schwéier Komplikatiounen.

De 17. Mäerz huet d'Regierung den Ausnamezoustand um nationalen Territoire deklaréiert.   

Wéi geet et elo an de Spideeler virun?

Vum 4. Mee u ginn déi medezinesch Aktivitéiten an de Spideeler lues a lues erëm opgeholl, mat Operatiounen a Fleeg, an no de prioritären Noutwennegkeete vun de Patienten. Déi ambulant Behandlunge musse streng Reegele respektéieren; d’Patiente ginn opgedeelt a mussen d’Horairë genee anhalen, fir datt net ze vill Leit an de Wartesäll sëtzen asw.

Bis den 3. Mee gouf d’Personal an de Spideeler virun allem agesat fir Noutfäll. Fir ze verhënneren, datt sech de Virus an de Spideeler géif verbreeden, goufen all medezinesch a chirurgesch Aktivitéiten an och d’Fleeg op e spéideren Zäitpunkt verluecht, wann se net onbedéngt noutwenneg waren.

Kann ech meng Famill am Spidol besichen?

Well vill Patienten an de Spideeler ufälleg sinn, ass am Moment all Krankebesuch am Spidol verbueden. Wann eng Visitt sollt noutwenneg ginn, mussen all d’Virsiichtsmoossname geholl ginn, fir de Schutz vun de Patienten ze garantéieren.

Sinn eis Spideeler a Gesondheetsdéngschter op vill Patiente virbereet ?

Jo, eis Spideeler si virbereet. De ganzen Dispositiv, deen zanter dem Ufank vun der Kris opgebaut ginn ass, bleift och viru prett fir den Asaz.

Wat fir Aktivitéite sinn annuléiert oder staark limitéiert?

Etablissementer, déi ëffentlech zougänglech sinn, kulturell, sozial, festlech, sportlech a rekreativ Aktivitéite sinn ausgesat. D'Spillplaze sinn zou.

Generell, si Rassemblementer vu Leit am ëffentleche Raum net erlaabt. Eenzelpersoune kënne Fräizäitaktivitéiten dobaussen ausüben, esoulaang se eleng bleiwen. Ausserdeem muss d’Distanz vun 2 Meter zu anere Leit agehale ginn.

E Grupp vu Leit, déi zesumme wunnen, däerfen och zesumme Fräizäitaktivitéiten dobaussen ausüben. Déi Persounen, déi an engem selwechten Haushalt wunnen, mussen och net an Distanz deen een zum anere bleiwen. Eltere kënnen z.B. hir Kanner mat der Hand huele wa se spadséiere ginn oder d'Kanner op den Aarm huele wa se iwwert d'Strooss ginn. Mee si mussen alleguer d'Distanz vun 2 Meter zu anere Leit, déi net mat hinne wunnen, anhalen a respektéieren.

Wann d'Eltere getrennt sinn a si e Besuchs- an Ëmgangsrecht ("droit de visite et d'hébergement") an e gedeelt Suergerecht vun de Kanner hunn, musse si sech net un d'Aschränkungen a Saachen Deplacementer fir d'Ëffentlechkeet halen. Dat zielt fir den Trajet vun engem Haushalt bei deen aneren.

D'Besëtzer vun Hausdéieren, wéi z.B. Kazen, Hënn, Päerd, däerfe sech deplacéiere fir no den Déieren ze kucken a se ze versuergen. Wann dës Déiere net doheem ënnerbruecht sinn, dann däerf de Besëtzer sech deplacéiere fir no hinnen ze kucken a se ze versuergen. Allerdéngs ass och hei kee Rassemblement vu Leit erlaabt, d'Distanz vun 2 Meter zu anere Leit muss respektéiert ginn.

Ariichtungen aus de kulturellen, rekreativen, sportleche Secteuren esou ewéi Restauranten a Caféë sinn zou. Dat selwecht gëllt fir Kantinne vun Betriber, et sief dann, et kann eng Distanz vun 2 Meter tëscht de Leit agehale ginn.

De Verbuet betrëfft net den Take-Away, Drive-In oder d'Livraison à domicile.

De Verbuet viséiert net d'Hoteller. Trotzdem sinn d'Restauranten an d'Baren an Hoteller zou, mat Ausnam vum Room-Service an Take-Away.

Wie kann ech als Fräiwëllege kontaktéieren, fir meng Hëllef unzebidden?

De Recensement vun de fräiwëllege Persoune gëtt iwwer d'Plattform www.govjobs.lu geréiert, fir esou d'Gestioun vun der nationaler Gesondheetsreserv z'optimiséieren. D'Aschreiwung ass obligatoresch fir déi gereegelt Gesondheetsberuffer. Den Appell riicht sech och un d'Dokteren, déi amgaang si sech ze spezialiséieren, u Studenten, Pensionnairen a Leit am Congé sans traitement.

D'Plattform riicht sech awer och u Fräiwëlleger, déi hir Ënnerstëtzung am Gesondheetsberäich wëllen ubidden (z.B. administratiivt Personal, Erzéier, Pfleege- a Botzpersonal) a lëscht hei d'Besoine genee op. Dir sidd agelueden, Iech op govjobs.lu déi verschidden Virschléi fir auszehëllefen erauszesichen, déi Äre Kompetenzen an Erfarungen entspriechen, an iwwert den Online-Formulaire Är Coordonnéeën an Disponibilitéite matzedeelen  D'Besoinen, déi ënnert dëser Rubrik verëffentlecht ginn, gi reegelméisseg aktualiséiert. Zéckt also net fir se ze konsultéieren.

Fir all aner Froe an Zesummenhank mam COVID-2019, fannt Dir nëtzlech Informatiounen um Sitte vun der Lëtzebuerger Regirung www.covid19.lu , dem Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC) www.ecdc.eu oder och um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) www.who.int.

Aktualiséiert